D’ACEL war dëst Joer a ville politeschen Dossieren involvéiert. An et bleift och derbäi, dass alleguer d’Memberen aus dem Comité politesch neutral sinn, also keng Parteikaart hunn. Dat sot de Mattis Noël e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Student vu Wien huet 23 Joer a studéiert international Entwécklungen, also am Beräich Politik.
Den neie President vun der ACEL, dee réischt e Freideg op der Generalversammlung gewielt gouf, ass nach emol op d’Kriticken un der Studentefoire ze schwätze komm. De Site um Belval war als Iwwergangsléisung wärend der Corona-Pandemie ausgewielt ginn. Ma u sech wär den Unicampus net ideal fir eng Foire, esou d’ACEL: ze vill op verschidde Raim verstreet, net zentral genuch, net adequat un den ëffentlechen Transport ugebonnen.
Elo sinn dräi Plazen an der Diskussioun, all um Kierchbierg: de Convention Center, d’Coque oder wéi fréier d’Luxexpo. De Mattis Noël wollt sech net festleeën, wéi eng Plaz d’ACEL favoriséiere géif. D’Associatioun vun de Lëtzebuerger Studentencercele wëll elo eng Pro- a Kontra-Lëscht opstellen.
D’Studentefoire soll och en neit Konzept kréien. Si soll éischter eng “Zukunftsfoire” ginn, wat d’ACEL ënnerstëtzt. Aktuell géifen Diskussioune mam Héichschoulministère lafen. D’lescht Woch war an deem Sënn schonn eng éischt Entrevue. D’ACEL ass frou elo pro-aktiv an d’Gestaltung vun der Foire involvéiert ze sinn. Net eleng d’Studéiere soll an Zukunft promouvéiert ginn, mä och déi non-formal Bildung, oder d’Beruffsliewen, esou de Mattis Noël.
Wat d’Pensiounsreform ugeet, schwätzt ee bei der ACEL vun ze wéineg Progrès. Déi Mesuren, déi dëst Joer geholl goufen, wären nach näischt Laangfristeges. Dobäi wären déi meescht Studente sech bewosst, dass ee wäert musse méi laang schaffe goen a si géifen dat och gréisstendeels agesinn. Eng Stëmm vun de Jonken huet een an deem Sënn och op de Sozialronne virun an nom Summer vermësst, obwuel grad déi Jonk am meeschte vum zukünftege Pensiounssystem betraff wären. D’ACEL hofft deemno vun der Regierung méi an déi zukünfteg Diskussioune mat agebonnen ze ginn.
Deemno begréisst de Mattis Noël, dass de Studentevertrieder konkret bei der Viraarbecht fir de Gesetzprojet fir d’Studentenhëllef, also Bourse a Prêt, matschaffe konnt. D’Zënse fir de Studenteprêt ginn elo bei 1,8 Prozent gedeckelt an net méi bei zwee, d’Bourse de mobilité geet ëm fënnef Prozent an d’Luucht an d’finanziell Hëllef soll all Trimester un den Index ugepasst ginn. Dat entlaascht d’Studentinnen a Studenten, esou den ACEL-President. A villen europäesche Stied wär d’Liewe wéinst der Inflatioun rezent däitlech méi deier ginn, betount de Mattis Noël.
Zu den elo 20 Studentecercelen, déi d’ACEL vertrëtt, gehéiert och dee vun de Studente vun der Uni.lu. D’nächst Joer soll eng Prioritéit sinn, de Logements- an Transportproblem fir Studenten hei am Land unzegoen. Aktuell leeft nach e Sondage doriwwer a vill Studenten hei am Land, awer och der am Ausland, hätten dorun Deel geholl, erkläert de Mattis Noël. D’Ëmfro wäert deemnächst clôturéiert an duerno ausgewäert ginn. Bei der éischter Reunioun mam Héichschoulministère Enn Januar wëll d’ACEL d’Resultater presentéieren.
Den neie President huet zouginn, dass d’ACEL sech nach net intensiv mam Thema Kënschtlech Intelligenz befaasst huet. Zum Beispill wat de Gebrauch vun deenen Outilen am Studium ugeet. Bis ewell hätt ee just vun e puer Studente matkritt, déi präventiv de Studiegang gewiesselt hätten, aus Angscht d’KI kéint hiren ugepeilte Beruff ze vill changéieren. Ma de Mattis Noël schléisst net aus, dass d’Thema KI d’ACEL nach beschäftege wäert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.