E Samschdeg am Nomëtteg sinn d'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory an enger ziviller Hochzäit op der Stater Gemeng bestuet ginn.

Kuerz viru 15 Auer sinn d'Koppel an hir Gäscht bei der Stater Gemeng um Knuedler ukomm.

D'Prinzessin Alexandra gouf mam Nicolas Bagory op der Stater Gemeng bestuet.
Vill Leit wollte sech dëse Moment net entgoe loossen an hunn de Wee op de Knuedler fonnt.

Déi zivil Zeremonie war um 15.30 Auer am private Krees bannen an der Gemeng.

Géint 16.00 Auer huet déi frësch bestuete Koppel d'Gemeng verlooss a sech de Leit um Knuedler gewisen a Felicitatiounen entgéint geholl.

Fir d'Prinzessin Alexandra an den Nicolas Bagory, wéi och fir de Rescht vun der groussherzoglecher Famill ass et dunn a Richtung Palais gaangen, wou kuerz virun 18 Auer d'Invitéë vun der Hochzäitsfeier erwaart goufen.

Um 18 Auer war et am Palais eng Receptioun, un där nieft der groussherzoglecher Famill an der Famill Bagory och eng Rei national Politiker deelgeholl hunn.

Fotoe vun der Receptioun

VIDEO

Arrivée vun der Koppel an der Famill
Kamera: René Pfeiffer
Koppel kënnt aus der Gemeng
Kamera: René Pfeiffer