Och wann d'Situatioun um Logementsmarché ugespaant ass, di sech alternativ Wunnforme schwéier. U wat läit dat?

Alternativ Wunnformen, wou méi Leit sech zesummendi fir sech verschidde Raim a virun allem d‘Käschte vum Bauen ze deelen, hu sech hei nach net duerchgesat. U wat läit dat? Där Fro geet elo eng Enquête no déi eng jonk Doktorandin op der Uni.lu mat der Ënnerstëtzung vum Logementsministère lancéiert huet.

De Wunnraum zu Lëtzebuerg ass knapps an och deier
Och wann d'Situatioun um Logementsmarché ugespaant ass, di sech alternativ Wunnforme schwéier. U wat läit dat?

D‘Architektin Céline Zimmer huet sech d‘Fro gestallt, firwat d‘Wunne sech zu Lëtzebuerg op zwou Formen beschränkt. Entweder et keeft oder et lount een.
"Da kucke mir, ob dat esou ass well d‘Leit, déi hei liewen, dat net wëllen oder well et zu Lëtzebuerg einfach keng Offer gëtt."

Dofir huet d‘Doktorandin e Questionnaire entwéckelt fir erauszefannen: Wären d‘Leit iwwerhaapt bereet sech op aner Wunnformen anzeloossen?

Eistneitwunnen.lu verlaangt fir d‘éischt e puer perséinlech Donnéeën ewéi Alter a Salaire. Den Numm net.

Duerno dann d‘Fro, ob ee sech virstelle kéint mat anere Persounen e Baugrupp ze grënnen. Also gemeinsam en Haus ze kafen oder ze bauen. D‘Käschten an de Risk ze deelen. Iwwer Privat- a Gemeinschaftsraim ze decidéieren a selwer Proprietär ze sinn.

Zweet Méiglechkeet: eng Wunnkooperativ. Eng Zort Firma, déi Wunnenge fir hir eege Membere baut. Gemeinschaftsraim si virgesinn. E bëssen Eegekapital ass verlaangt. Jidderee bezilt e Loyer, deen d‘Käschten deckt. Vill méi niddreg also wéi um Marché ze lounen. Privatbesëtz gëtt et net. Et gehéiert der Genossenschaft. Mee wann ee rausplënnert, kritt ee säin Invest erëm.

Zu Lëtzebuerg gëtt et een, zwee Projete vu Baugruppen, zum Beispill een zu Bouneweg. Eng Kooperativ war nach net erfollegräich.
"An der Schwäiz zum Beispill gëtt et do ronderëm eng ganz Infrastruktur. Do ginn et Plazen, déi fir d‘Berodung zoustänneg sinn. Wat muss ech maachen, wann ech eng Genossenschaft wëll grënnen? Do gëtt et och e gutt Gesetz fir Genossenschaften. Dat hu mir hei jo guer net. D‘Obligatiounsrecht ass an der Schwäiz wierklech op Genossenschafte gemënzt."

Dat heescht net, dass et zu Lëtzebuerg net eng Kooperativ gëtt, déi zanter Joren probéiert e Projet ze realiséieren. Adhoc. D‘Genossenschaft war wäit an der Planung vun hirem Projet um Kierchbierg. De Fonds Kirchberg hat d‘Grondstéck dunn awer fir kommerziell Bauträger ausgeschriwwen.
"Leider krute mir vu staatlecher Säit nach keen Accès op en Terrain fir e Pilotprojet. Et gouf och nach keng Ausschreiwung wou Wunnkooperativen konnten drun deelhuelen. Do sinn nach grouss Schrëtt ze maachen. Mir hoffen als Adhoc, dass déi nächst Regierung Wunnkooperativen wierklech fërdert. D‘Fro ass, wéi e Staat Wunnkooperativen kann ënnerstëtzen, déi jo kee kommerziellen Zweck hunn, fir dass déi en Acteur um Marché ginn, dee sozial an ekologesch Wunnengen schaaft."

Am Juni wëll d‘Céline Zimmer déi éischt Resultater vun der Enquête analyséieren. Domat fiddert si an éischter Linn hir Dokteraarbecht. Mä och fir de Logementsministère an aneren Acteuren um Wunnengsmaart dierften déi interessant sinn.