Santé publizéiert keng Corona-Zuele méi

© RTL-Grafik
Wéi et en Donneschdeg vun der Santé heescht, wäert et bis op Weideres keng systematesch Wocheberichter méi zu Otemwee-Infektioune ginn.
Nodeems souwuel d'Dages- wéi och d'Wocheberichter um Site Covid19.public.lu agestallt gi sinn, ginn elo och keng wëchentlech Communiquéen zu der Verbreedung vu Covid an der Grippe méi eraus.
D'Santé confirméiert op Nofro, datt domat vun elo un iwwerhaapt keng Corona-Zuele méi publizéiert ginn. Sollt et eng nei Infektiounswell ginn, géif een déi reegelméisseg Publikatioun allerdéngs nees ophuelen, heescht et vun der Santé.
D'Covid-Situatioun war an der Woch vum 17. op den 23. Abrëll stabel bei 220 registréierte Fäll. Déi Woch virdru waren et 217 Fäll. Vun de festgestallte Corona-Infektiounen huet et sech bei 46,8 Prozent ëm Reinfektioune gehandelt.
Bei der Grippe sinn d'Infektiounszuelen an der Woch vum 17. op den 23. Abrëll ëm 38,6 Prozent erofgaangen. Nodeems déi Woch virdrun nach 101 Fäll festgestallt goufen, waren et d'lescht Woch nach nëmmen 62 Fäll. Aktuell dominéiert den Influenza-Virus vum Typ B.
Kuckt ee sech d'Grafik vun der Santé un, war de Peak vun der Grippe-Saison an der Woch vum 19. bis de 25. Dezember 2022 mat ganzen 2.552 Fäll. De Peak vun der Virrechter Grippesaison war wesentlech méi spéit an och méi schwaach. Am Wanter 2021/2022 war en op Enn Mäerz 2022 gefall.

© Santé