E Sonndeg war den Ofschloss vun der Oktav 2023. Bei der Schlusspressessioun war wéi gewinnt och déi groussherzoglech Famill mat vertrueden.

E Sonndeg war den Ofschloss vun der Oktav 2023. Iwwert déi lescht zwou Woche sinn nees Dausende Leit aus dem In- an Ausland an d'Kathedral bei d'Muttergottes gepilgert a vill hunn der och dovu profitéiert, en Tour iwwert de Mäertchen ze maachen.

Fir den Ofschloss vun der Oktav stoung e Sonndeg eng Pontifikalmass um Programm, un där och déi groussherzoglech Famill deelgeholl huet. D'Priedegt an dësem spezielle Gottesdéngscht gouf vum László Német gehalen. Den Äerzbëschof vu Belgrad war fir d'éischte Kéier bei der Oktav an der Schlusspressessioun dobäi.

D'Gnodebild vun der Tréischterin am Leed, esou den offiziellen Titel vun der Muttergottes Statu, gouf feierlech duerch d'Stroosse vun der Uewerstad gedroen. Hannert der Patréinesch vun der Stad an dem Lëtzebuerger Land ass de Cortège mat sëllege Veräiner, Federatiounen a Museke komm. Och dëst Joer hu sech vill auslännesch Communautéiten, Pilger a Gleeweger aus ganz Europa un der Schlusspressessioun bedeelegt.

RTL

© Roland Miny / pressphoto

Et war dann och déi zweete Kéier, datt eng Oktavpriedegerin designéiert gouf. D'Renée Schmit zitt e positive Bilan. No de Pandemiejore wier den Interessi besonnesch grouss gewiescht. Vill Pilger, dorënner och Jonker, wären déi lescht 2 Wochen an d'Stad komm, esou d'Oktavpriedegerin.

"Maria, Zeeche vun Hoffnung an Trouscht!", dat war d'Leitmotiv vun der Muttergottesoktav 2023, dat d'Oktavpriedegerin Renée Schmit och an hire Priedegte behandelt huet.

Fotoe vum Ofschloss vun der Oktav vum René Scho