52,8 % vun den Awunner si Lëtzebuerger

© RTL (Archiv)
Bal all Fënneften (18%) huet och nach eng aner Nationalitéit, vill méi wéi nach 2011 (5,2%).
Dat geet aus enger neier Publikatioun vum nationale Statistiksbüro ervir. De Statec huet doran d'Resultater vum Recensement vun 2021 opgeschafft.

6 vun 10 Leit déi zu Lëtzebuerg wunnen, hunn d'Lëtzebuerger Nationalitéit oder sinn zu Lëtzebuerg gebuer. 13 Prozent vun den Awunner déi hei am Land op d'Welt komm sinn, hunn deemno net d'Lëtzebuerger Nationalitéit.
Tëschent 2011 an 2021 ass d'auslännesch Populatioun méi staark gewuess wéi d'Populatioun mat Lëtzebuerger Nationalitéit. Datt d'Zuel vu Lëtzebuerger an deem Zäitraum iwwerhaapt ëm 16,5 Prozent gewuess ass géing exklusiv dorunner leien, datt méi Leit d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn zanter de Reformen 2008 an 2009 fir d'Naturalisatioun an de Recouvrement ze vereinfachen. 50,7 Prozent vun de Lëtzebuerger hei am Land kruten d'Nationalitéit bei der Gebuert.
Eng 180 verschidden Nationalitéite sinn zu Lëtzebuerg vertrueden, am meeschte ginn et Portugisen, Fransousen an Italiener. Bei der Evolutioun vun de verschiddene Communautéite gesäit een natierlech den Impakt vu geopoliteschen Entwécklungen a Krisen. 2011 hunn zum Beispill just 25 Syrer an 21 Eriträer zu Lëtzebuerg gelieft, 2021 waren et 2.688 respektiv 1.725. D'Communautéit u Britten op där anerer Säit ass zréckgaangen, wat awer och dorunner léich, datt vill Englänner d'Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn.

Vun deenen 10 Nationalitéiten, déi am stäerksten zu Lëtzebuerg vertruede sinn ass d'Zuel vun Däitschen am mannste geklommen an d'Zuel vu Rumänen am stäerksten. D'rumänesch Communautéit hei am Land ass ëm bal 300 Prozent geklommen, sou datt 2021 ee Prozent vun der Populatioun rumänesch war.
D'Auslänner sinn am Duerchschnëtt 3,4 Joer méi jonk wéi d'Lëtzebuerger, wat doru läit, dass d'Leit virun allem wéinst der Aarbecht op Lëtzebuerg kommen. Ënnert de Lëtzebuerger ginn et méi Frae wéi Männer, bei den Auslänner ass et ëmgedréint. 2021 goufen et iwwregens 28 Persounen zu Lëtzebuerg, déi véier verschidden Nationalitéiten haten.
D’Hausse un Immigratioun aus Rumänien kéint mat enger neier europäescher Reegelung erkläert ginn, déi et zanter dem 1. Januar 2014 rumäneschen a bulgaresche Bierger erméiglecht, och ouni Aarbechtsgeneemegung an engem aneren EU-Staat ze schaffen, sou de Statec op Nofro hin.