Wolz, Hesper, Dikrech: Wa Gemengepolitik viru Geriicht steet
De Countdown leeft: A véier Woche si Gemengewalen an et gëllt, sech am beschte Liicht ze presentéieren.
Ma bei der enger oder anerer Gemeng ginn et däischter Flecken op der wäisser West. Mir hunn eis am Virfeld e puer Affären ugekuckt, déi an der leschter Legislaturperiod fir negativ Schlagzeile gesuergt hunn.
Wolz:
Direkt zwou Enquêtë lafe géint de Wëlzer Buergermeeschter Fränk Arndt wéinst Prise illégale d’interêts, corruption respektiv Trafic d’influence an Infraktioune géint d’Naturschutzgesetz.
Am Fokus steet engersäits eng méiglecherweis illegal Bauschuttdeponie , matzen an der Wunnzon. Hei soll eng Baufirma iwwer Joren onbehellegt Knascht ofgelueden hunn. Iwwert gutt Kontakter tëscht dem Fränk Arndt an deene Baufirme gëtt zu Wolz ënner virgehalener Hand vill spekuléiert, ma virun den RTL-Mikro hu sech déi Wéinegst getraut. Ee vun hinne war de fréiere Chef vun der Police René Koecher, deen direkt nieft der Deponie gewunnt huet. Am Februar 2022 huet hien eis vu sengen Observatiounen erzielt:
«Dat Lach ass lues a lues gefëllt ginn. An dann, enges Moies, sinn ech drop opmierksam gemaach ginn, dass do e Concasseur stoung. An dee Concasseur, dee war dann du voll am Betrib. Déi Camione sinn dann ofgetippt ginn an dee Concasseur huet dat da kleng gemaach an dann ass dat erof an d’Lach getippt ginn».
Och den Eloi Flammang huet zu deem Zäitpunkt do gewunnt. Hien huet kee Blat virun de Mond geholl an eis erzielt, d’Leit hätten Angscht virun deene Firmen. Hien hat och de Verdacht, dass déi Deponie nëmme kéint mam Accord vum Buergermeeschter funktionéieren.
Op d’Féiss fale kéint dem Buergermeeschter awer och säin idyllesche Vakanze-Chalet am Bësch zu Géisdref. Dee gouf 2017 ausgebaut, méiglecherweis och nach schwaarz vum Gemengesyndikat CIGR, awer ouni Autorisatioun vum Ëmweltministère an der Gréngzon streng verbueden.
Bis d’Enquête ofgeschloss ass, gëllt fir de Wëlzer Buergermeeschter d’Presomption d’innocence. Hie geet am Juni nach emol fir d’LSAP mat an d’Walen.
Dikrech:
An och an enger anerer Gemeng am Norde rumouert et an zwar zu Dikrech. Grond dofir ass e Chantier direkt nieft dem Pensionnat Notre Dame de Lourdes. Do soll elo eng Museksschoul entstoen, ma den Terrain ass virbelaascht: Initial war hei eng Senioreresidenz geplangt, déi Reklamm gemaach hat mat sougenanntem Logement encadré, also e betreit Wunne fir eeler Leit. Déi hätten also an der Residenz eng Wunneng kafe kënnen an hätten da vu Betreiung profitéiert, esou d’Verspriechen. De Problem: Den Terrain läit an enger PEP-Zon. An där duerfe just Gebaier mat enger Utilité publique gebaut ginn a bei deem Projet hätt dem Verwaltungsgeriicht no e privatwirtschaftlechen Zweck am Vierdergrond gestanen.
D’Dikrecher Gemeng huet dunn eng Léisung fonnt an dem Promoteur den Terrain ofkaaft. Deen entwërft dann och déi nei Pläng fir de Conservatoire. Alles an allem falen dofir fir 9.990.050 Euro un. Vill ze deier, fënnt d’Oppositioun. Déi reprochéiert der LSAP -Majoritéit, enger privater Firma eng Plus-Value vu ronn 4,5 Milliounen Euro ze bezuelen, an domat fir där hir Spekulatioun opzekommen. De Charles Weiler, CSV-Gemengerot, huet dofir kee Versteesdemech:
«Déi Pläng, déi u sech fir e Projet waren, deen net realiséiert konnt ginn- d’Senioreresidenz- an déi sech elo transforméiert hunn a Pläng fir eng Museksschoul. An da muss ee soen, dass déi 4 Milliounen do - de Promoteur kritt déi 4 Milliounen an d’Täsch, fir awer lo weiderhin näischt méi ze maachen.»
Ob dëse Projet dann och sou realiséiert gëtt, bleift oppen. D’Oppositioun fäert eng weider Plainte virum Verwaltungsgeriicht.
Hesper:
Viru Geriicht war am Januar dëst Joer dann d’Affär Hesper: Do hunn zwee Gemengebeamten 20 Joer laang iwwer Schäin-Firmen ronn 5 Milliounen Euro ënnerschloen. Déi Firmen hunn Zerwisser facturéiert, déi ni geleescht goufen. D’Gemeng huet déi Rechnunge bezuelt an d’Sue sinn an den Täsche vun deenen zwee Ugeklote gelant. Haaptsächlech allerdéngs ënnert der fréierer CSV-Buergermeeschtesch Marie-Thérèse Gantenbein.
Den Haaptugekloten krut an éischter Instanz eng Prisongsstrof vu 7 Joer, dovunner d’Hallschent mat Sursis. Ausserdeem muss hien der Gemeng 5 Milliounen Euro Schuedenersatz bezuelen. Wat hie vun den ënnerschloene Sue kaaft hat, gouf saiséiert: Dorënner Immobilien a Luxusgefierer. An de Prisong muss de Mann awer net méi, well hie schonn zanter 2019 bis dëse Februar an Untersuchungshaft souz. Fir den zweeten Ugeklote gouf et et 5 Joer, dovunner 3 Mat Sursis. Och fir hie fält en Dedommagement vun 1,7 Milliounen un. Déi zwee Ugeklote kruten zousätzlech eng Amende vu 50.000 respektiv 30.000 Euro.
Matugeklot war och e lokale Geschäftsmann. Hie krut 12 Méint Prisong mat integralem Sursis an eng Strof vu 15.000 Euro.
Eng Fro am Prozess war awer, ob d’Gemeng net wéinst engem Manktem u Kontroll mat Schold un hirem Misär ass. Eppes wat den Affekot vun der Gemeng, de Georges Pierret, nom éischten Urteel kategoresch vu sech gewisen hat:
«Mir hunn hei eng kriminell Affär. Hei si Suen detournéiert, geklaut ginn, an dann dierf deen net och nach e Kaddo kréie vun deem, wat e geholl huet. Also et ass gutt, dass emol scho kloer gestallt ginn ass, dass d’Hesper Gemeng hei kee Feeler gemaach huet. «
Déi Fro wäert allerdéngs am Appell wuel nach eemol verhandelt ginn.