De CGDIS zielt fir 2022 ronn 72.000 Interventiounen
Dëst si 7 % méi wéi dat Joer virdrun. De CGDIS huet en Donneschdeg de Moien de Rapport vun zejoert presentéiert.
2022 war nees e Joer mat villen Asätz fir de CGDIS. D'Flüchtlingskris am Kader vum Ukrain-Krich, eng héich Unzuel u Persoune-Rettunge bei Bränn oder e Groussbrand op enger Tankstell. Nodeems 2021 eréischt en neie Rekord punkto Asätz notéiert gouf, war et d'lescht Joer alt nees eng Hausse vu 7% bei den Asätz um Terrain. Och fir déi Fräiwëlleg heescht dat vill Aarbecht a wéineg Pausen.
Zanter iwwer 100 Joer gëtt et déi professionell Pompjeeën zu Lëtzebuerg. 1922 waren et der 11 an der Stad, haut sinn et der iwwer 600 uechter d'Land. Dobäi komme 6.600 Fräiwëlleger, 1.300 vun hinne jonk Pompjeeën, wat och en neie Rekord ass.
Den Alain Becker, Vize-President vum Conseil d'administration vum CGDIS: "De Rekrutement vu Jonken ass eis d'lescht Joer relativ gutt gelongen. Mir si gutt vernetzt mat der Pompjeesfederatioun, dem Jugend–Ausschoss."
76 Ambulanzen an 163 Camione gehéiere mëttlerweil zum Ekipement vum CGDIS. Dës koumen zejoert knapp 72.000 Mol an den Asaz. Mat iwwer 57.000, goung et a ronn 80 % vun de Fäll ëm direkt Hëllef fir Persounen.
De Paul Schroeder, Generaldirekter vum CGDIS: "D'Belaaschtung an den eenzelen Equippe spiert ee schonn. Wann een op der Ambulanz-Schicht ass, dann ass een zimmlech sécher ënnerwee. Och déi Fräiwëlleg, déi an der Kasär Déngscht maachen."
Leider géif een ëmmer nees fir Net-Urgence geruff ginn. Zum Beispill bei Waasserfuitten a Privatstéit oder fir bei enger Urgence am Spidol méi séier bäizekommen. Ressourcen, respektiv Zäit, déi soss enzwousch kéint feelen. Besonnesch well d'Asätz generell ëmmer méi komplex ginn. Elleng 13.000 Leit goufen d'lescht Joer nei forméiert.
Nach eemol de Paul Schroeder: "Besonnesch nei Technologië spillen hei eng grouss Roll. Mir hunn Elektro-, Hydrogen-, an Hybrid-Autoen déi op de Marché kommen. Hei musse mer preparéiert sinn. Isolatiouns-, Photovoltaik-Anlage bréngen eege Komplikatioune bei Läschaarbechte mat sech. Mir mussen do mat der Zäit goen."
Ëmmer méi Asätz si Klima-gebonnen. Nei Formatioune preparéieren de Staff aktuell op Bëschbränn-Läschaarbechten. Neit Material – Tankween mat méi grousse Waassercapacitéiten, Pompele mat méi héije Capacitéiten oder och Sandsäck-Fëllanlage si längst en Thema.
9.000 Mol war de SAMU dann ënnerwee. De CGDIS hat der Ukrain jo och 8 Ambulanzen zur Verfügung gestallt. Iwwerdeems huet e gehollef, d'Refugiéen aus der Ukrain hei am Land z'empfänken.
