Lëtzebuerg wielt! D'Table ronde mat Vertrieder vun 8 Parteien
Den 11. Juni ginn d'Gemengeréit am ganze Land nei bestëmmt. Wat proposéiert d'Politik, fir d'Problemer am Logement an an der Mobilitéit ze léisen?
Op enger vun den offiziellen Table ronden am Virfeld vun de Gemengewalen hu mer nogefrot a mat 8 Parteien duerch dës zwee Kapitele vun hire Kader-Walprogrammer gebliedert. Doranner fënnt een zum Beispill e Service-Logement an de Gemengen, mat deem senger Hëllef méi kommunale Wunnraum soll geschaf ginn, administrativ Prozeduren, déi solle vereinfacht ginn, oder d'Iddi fir Plaz ze spueren duerch eng Reduktioun vun de Parkplazen, déi pro Wunneng virgesi sinn.
Fir datt et op de Stroosse besser rullt, soll et manner Trafic ginn. Zum Beispill duerch sou vill wéi méiglech Alternativen zum Individualverkéier. Dat betrëfft den ëffentlechen Transport, mä och déi douce Mobilitéit. Da soll den Duerchgangstrafic an de Stied respektiv Dierfer reduzéiert ginn. Do gëtt u Contournementer geduecht. Rieds geet donieft vun enger Reduktioun vun der Vitess op 30 Kilometer an der Stonn.
Alles Iddien, mat deenen een zwee grouss Problemer wëll an de Grëff kréien an iwwert dee Wee d'Liewensqualitéit wëll verbesseren.
Invitéiert waren
Tom Jungen (LSAP)
Gilles Mertz (Piraten)
Elisabeth Margue (CSV)
Carole Hartmann (DP)
Djuna Bernard (Déi Gréng)
Carole Thoma (Déi Lénk)
Michel Lemaire (ADR)
Marc Ruppert (Fokus)