Zwou Dosisse Covid-Vaccin, allkéiers krut d'Valérie duerno Symptomer.

Bis haut fält et hir schwéier, ze goen, si ass midd, huet kognitiv a motoresch Problemer, keng Ausdauer méi. Als "Post-Vacc"-Syndrom ginn dës Laangzäit-Symptomer dacks bezeechent. Iwwerdeems verschidden Doktere méi skeptesch wieren, hätten anerer, dorënner hir Neurologin, de staarke Verdacht, datt d'Valérie vum "Post-Vacc" betraff wier, erkläert déi 48 Joer al Fra.

"Well dat zäitlech wierklech ganz no no der Impfung war. An zweetens et wär zweemol passéiert. Also ech hat 2 Mol eng ganz hefteg Reaktioun."

D'Valérie huet hir Niewewierkunge bei der Pharmacovigilance gemellt, der Entitéit, déi d'Sécherheet an d'Niewewierkunge vun de Medikamenter an Impfstoffer zu Lëtzebuerg iwwerwaacht. Wuel krut si de Resumé vun den Niewewierkunge geschéckt, déi registréiert goufen. Ma d'Familljemamm fillt sech vun der Santé just als Statistik wouer geholl.

"Ech hu mech gezwonge gefillt, d'Impfung ze maachen an duerno wéi ech Problemer hat, war kee méi do. Mir hu keen Zougang zu der Santé, keng Kommunikatioun mat der Santé. Mir mussen eleng kämpfen, fir Spezialisten ze fannen, déi eis begleede kënnen."

Fuerderung vu Patientevertriedung ënnerstëtzt

Si hätt et och deels schwéier fonnt, vun den Dokteren eescht geholl ze ginn a gehollef ze kréien. Iwwer Therapieméiglechkeete wier net vill gewosst. D'Valérie wënscht sech eng Ulafplaz fir Leit, déi no der Impfung gesondheetlech Problemer kruten. Esou wéi et se fir d'Long-Covid-Patiente gëtt.

"Wou mir interdisziplinär begleet géife ginn. Souwuel medezinesch, wéi psychologesch, sozial, mat der Psychomotorik eventuell. Wou mir net eleng missten no Spezialiste sichen, jo, wou mir am Team begleet ginn."

Och d'Patientevertriedung ass der Meenung, datt esou eng Ulafplaz, wéi et der op d'mannst zwou an Däitschland gëtt, zu Lëtzebuerg néideg wier. Eng Léisung, fir de Leit ze hëllefen, seet de Georges Clees. Besonnesch, wann an Zukunft méi dacks mat Pandemië ze rechne wier.

"Well soss soen d'Leit bei der nächster Pandemie 'ech loosse mech net méi impfen' an dat gëllt et ze vermeiden."

Esou eng Ulafplaz wier den Ament net virgesinn, heescht et aus dem Gesondheetsministère. Allerdéngs géif deemnächst e Formulaire an eng Informatiounsfiche iwwer d'Prozedur fir eng Indemnisatioun wéinst Impfschied publizéiert ginn.

D'Valérie iwwerleet och fir eng Indemnisatiounsdemande anzereechen. Si bedauert och, datt si haut wéinst hire gesondheetleche Problemer vill Käschten hätt, fir déi si selwer opkomme misst. Nahrungsergänzungsmëttel a Vitaminnen, déi hir hëllefe géifen, oder den Osteopath beispillsweis.

Hei klicken, fir Niewewierkungen op Guichet.lu ze mellen.

Weider Informatiounen iwwer der Betraffener hir Erfarungen, de "Post-Vacc"-Syndrom an der Pharmacovigilance hir Aarbecht, ginn et am Télésreportage.