Nodeems d'Spillplaz e Mëttwoch nees opgaangen ass, haten e Sonndeg, bei guddem Wieder, scho vill Leit de Wee dohinner fonnt.

Op flott Plaze kommen, ass net ëmmer einfach. Dat trëfft och fir d'Spillplaz am Bambësch zou, wou d'Parkplazen dach limitéiert sinn. Dofir gouf extra d'Buslinn 33 ageriicht, déi all 20 Minutte vum Stadzentrum dohi fiert. Parke kann een dann zum Beispill um Glacis.

10 Minutten dauert den Trajet, ier een op der neier Spillplaz matzen am Bësch steet. De Motto vun dëser ass, wéi och virdru schonn, dat kulturhistoreschen Ierwe vun der Haaptstad. Déi al Haapt-Attraktioun - de Fort - gouf duerch eng nei Konstruktioun ersat. Ma och den Huelen Zant, de Bockfiels, oder d’Schlassbréck sinn ze fannen.

Bei den Eltere koum den neie Look vun der Spillplaz schonn emol un. Ervirgehuewe gouf, dass alles am Holz gehalen ass, sou dass sech d'Spiller ideal géingen an d'Natur afügen.  Doriwwer eraus gouf gelueft, dass et vill Plazen am Schied gëtt, interaktiv Waasserspiller, an déi nei Sanitäranlagen.

Restauréiert Elementer, wéi en alt Holzkarussell, suergen da fir Nostalgie an erënneren drun, dass hei scho virun iwwer 50 Joer d'Kanner aus der Stad gespillt hunn. Ma bekannt ass d'Plaz antëscht iwwert d'Haaptstad eraus. Sou war zum Beispill e Sonden eng Famill aus Frankräich bis an de Bambësch komm, wëll si an der Zeitung vun der Spillplaz gelies hat.

Op der neier Spillplaz ass fir all Alter eppes ze fannen. Ob fir an der Sonn oder am Schied ze faulenzen, ze picknicken, sech auszetoben oder am Waasser ze spillen.