Staat keeft 2 privat Projete mat ronn 90 Wunnengen
Dat fir ze verhënneren, datt manner gebaut gëtt an Aarbechter an de Chômage rutschen. Ureizer fir de privaten Invest wäert et iwwerdeems keng ginn.
Et ass elo konkret: De Staat keeft Immobiliëprojeten vu Privaten of. Dat fir ze verhënneren, datt manner gebaut gëtt an Aarbechter an de Chômage geroden a fir dem Staat méi Wunnengen ze ginn, déi kenne verlount ginn. De Logementsminister Henri Kox huet dësen Donneschden am RTL-Interview deklaréiert, datt en Akkord tëscht dem Staat an de Promoteuren fonnt gouf, bei zwee Projeten vun ëm 90 Wunnengen an der Stad Lëtzebuerg an am Süde vum Land. D’Kontrakter missten nach ënnerschriwwe ginn. Fir dës sougenannt "ventes en l’état futur d’achèvement", also Wunnengen um Plang, oder an anere Wieder, déi nach gebaut musse ginn oder amgaang si gebaut ze ginn, leet de Staat 55 Milliounen Euro op den Dësch.
Den Henri Kox huet op Nofro hi widderholl et géinge kéng Plus-valuen ausbezuelt ginn, mee am selwechten Otemzuch sot hien och d’Promoteuren géingen net «à perte» verkafen. Hien huet awer insistéiert, datt de Kafpräis ënnert dem Marchéspräis läit. D’Experten vum Logements- a vum Finanzministère hätten präislech Evolutioun vum Terrain analyséiert an determinéiert wéi vill Plus-Value mat ëffentleche Gelder vertrietbar wieren. Dem Minister no kéinten d’Betriber jo net mat Verloschter funktionéieren. Mee souzesoe berengegt vu Spekulatiounen an zu raisonnabele Präisser, déi d’Leit sech duerno kënne leeschten. Sechs weider Projeten mat nees enger 90 Wunnengen, wieren iwwerdeems och schonn aviséiert ginn. Och hei goufen eng 55 Milliounen ugebueden, mee d’Promoteuren hätten hei awer nach net hiren Akkord ginn.
Wéi mir en Donneschdegmoie bericht hunn, sinn awer och ëmmer méi Wunnengen, déi scho gebaut sinn ze verkafen, mee et géinge keng Keefer fonnt ginn. De Logementsminister sot dozou, et wier och méiglech déi dem Staat ze verkafen, mee genee ewéi bei de Projeten, déi nach net ofgeschloss sinn, missten déi Wunnengen de Critèren a Präisser vun abordabelem Wunnraum entspriechen, déi am Cahier des charges vum Logementsministère stinn.
D’Chambre immobilière huet jo och kritiséiert, datt déi Projeten, déi de Staat realiséiert, just eng Drëps op ee waarme Steen sinn an et besser wier, wann en Investisseur 1.500 bis 2.000 Wunnenge géing kafen. Den Henri Kox huet geäntwert, säi Ministère wier amgaang e "Gesamtpak" op d’Been ze setzen. D’ëffentlech Investitioune wiere méi héisch ewéi jee. Eleng am Bau wier fënnef Prozent méi abordabele Wunnraum geschaaft ginn, iwwerdeems d’Populatioun ëm zwee Prozent gewuess ass. Donieft kéim nach d’Renovatiounsstrategie, déi de Betriber zegutt kéim. A fir hie wier d’Aide individuelle an den Accès zu Proprietéit wichteg an hie géing sech freeën, wann den Avis vum Staatsrot dozou séier virläit.
Ureizer fir de privaten Invest nees méi ze stimuléieren, wéi zum Beispill den Amortissement acceleré viru senger Reform oder nach e Enregistrement um Plang, bleiwen deemno fir den Henri Kox ausgeschloss. Genee ewéi d’Finanzministesch Yuriko Backes huet hien erkläert, datt déi Mesuren iwwer Joren net dozou bäigedroen hunn, datt d’Präisser erofginn.
Dee ganzen Interview mam Henri Kox kënnt Dir hei kucken: