En Donneschdeg de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Iwwerdeems de privaten Investment an de Logement wéinst den Zënshaussë gebremst ass, wëll de Logementsministère zesumme mam Finanzministère privat Projeten opkafen. Et ass nach näischt decidéiert, mee et géinge Projeten an engem Volume vu 600 Milliounen Euro um Dësch leien an Enn Mee kéint ee mat Resultater rechnen, esou de Logementsminister en Donneschdeg de Moien hei op RTL.

Den Henri Kox huet erkläert, datt Experte vu béide Ministèren déi Projeten aktuell genee ënnert d’Lupp huelen. Zwar misst an der aktueller Situatioun séier gehandelt ginn, fir ze verhënneren, datt manner gebaut gëtt, sou de Minister. Am selwechten Otemzuch huet den Henri Kox awer och betount, datt ee sech déi néideg Zäit misst loossen, well een net kéint mat Steiergelder Plus-value fir Spekulante bezuelen.

De Cahier des charges, dee fir ëffentlech Bauträger gëllt, géing och bei deene geplangten Acquisitiounen applizéiert ginn, dat am allgemengen Interessi. De grénge Minister huet d’Iddi vun enger Ausschreiwung fir Projeten zu raisonnabele Präisser gutt fonnt a sot, dat géing och gemaach ginn, mee dat kéint net zäitno realiséiert ginn.

Déi méi staark Roll vum Staat, déi sech den Henri Kox um Wunnengsmaart wënscht, wier och a sengen Aen eng Ënnerstëtzung fir de Bausecteur an d'Handwierk. Deemno huet de Logementsminister d’Fuerderungen aus dem Immobiliësecteur a vun der CSV fir steierlech Mesuren, déi de privaten Investment stimuléiere géingen, zeréckgewisen. Nom Interview huet den Henri Kox ons iwweregens erkläert, datt d’Propos aus dem Bausecteur, fir den Enregistrement just op den Terrain ze berechnen, verfassungsméisseg net méiglech wier.

Wichteg wier grad elo, haaptsächlech d’Locatairen ze protegéieren an dowéinst huet den Henri Kox d’Reform vum Loyersgesetz esou ewéi hie se proposéiert, weider verdeedegt. Mam aktuelle Gesetz géing nämlech de Loyersdeckel net funktionéieren.

Wat déi laang Prozedure fir de Bau an de lokale Widderstand géint nei Projeten ugeet, hei huet de grénge Minister verséchert, hie géing bei all de Versammlunge mat Gemengen ëmmer nees dofir plädéieren, datt méi dicht a méi héisch soll gebaut ginn. Natierlech ouni, datt dat op Käschte vun der Liewensqualitéit géing goen.

Ugeschwat op d’Resultat vun der neier Sonndesfro, wollt den Henri Kox net soen, ob 31 Sëtz fir DP-LSAP-Gréng bedeite géingen, datt déi aktuell Koalitioun no de Wale weidermécht. D’Confirmatioun vu Blo-Rout-Gréng am Sondage géing hien awer motivéieren, fir seng Aarbecht bis zum Schluss gutt ze maachen.

Invité vun der Redaktioun: Logementsminister Henri Kox

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.