"Problemer léisen, amplaz se Wal fir Wal ze beschreiwen"
De Frank Engel vu Fokus war am Kader vun de Gemengewalen 2023 Invité am "5 Froen un".
Fir déi jonk Partei Fokus sinn et déi éischt Walen. An dräi Gemengen trëtt e mat komplette Lëschten un, dat zu Suessem, Déifferdeng an an der Stad. Gären hätt een och an anere Gemengen nach Lëschten opgestallt, ma den Apparat vun der Partei hätt dat net hierginn, esou de Spriecher vu Fokus. Fokus wëll Verännerung bewierken
"Problemer léisen, amplaz se Wal fir Wal fir Wal ze beschreiwen a genau esou ongeléist ze hannerloossen déi nächste Kéier wei déi Kéier virdrun, dat ass eppes, wat mir opgestouss ass an der Partei, wou ech war", esou de Frank Engel. Et misst e politeschen Usproch ginn fir Verännerungen ze bewierken, déi noutwenneg sinn, fir dass sech un der Situatioun vun de Leit eppes ännert.
Logementskris ugoen
Fir Fokus brauch et eng grouss ugeluechten "Planungsoffensiv" an dann eng "emphytéotesch" Bauoffensiv, dat misst ee maachen, fir den Terrainspräis ze neutraliséieren.
Bei de Chamberwale wéilt Fokus an de 4 Bezierker mat komplette Leschten untrieden. An et wéilt een och herno a verschiddene Bezierker e Sëtz mat heem huelen. Mat Bléck op den Hierscht misst een och nei Accenten an der Steierpolitik setzen.