Honnerte Vëlosfuerer manifestéieren an der Stad fir besser Vëlosweeër
D'Zuel u Vëlosfuerer explodéiert. Ma d‘Infrastrukture kommen dem Boom net hannendrun.
Eréischt 2020, duerch den Opschwong vun den Elektrovëloen, ass d'Transportmëttel och zu Lëtzebuerg richteg populär ginn. Sécher Connectiounen an net just Puzzel-Stécker: Dat war e Samschdeg Fuerderung vun honnerte Vëlosfuerer, déi sech an der Stad versammelt haten, fir en Tierchen ze dréinen. Dat Ganzt am Kontext vum Safe Cycling Now. Brauch een 2023 nach eng Vëlosmaniff?
Richteg waarm huet sech e Samschdeg kee misse virum Depart maache bei de schuckelegen 28 Grad. En Dag virun de Walen awer wollt een nach eng Kéier op sech opmierksam maachen. Vill huet sech déi lescht Jore gedoe fir de Vëlo: e Vëloswee laanscht Tram, um Lampertsbierg, ënnert dem Pond Adolphe. Fir vill Cyclisten ass awer kloer, datt de Vëlo nach ëmmer net zum Alldag vu ville Leit gehéiert an dowéinst net op si opgepasst gëtt, esou eng Rei Aussoen vu Cyclisten.
"Ganz oft, wann d'Autoe riets ofbéien, da vergiesse se d'Vëloen. An do sinn ech scho méi dacks bal engem dra gerannt."
"Mir wëllen d'Stad e bësse méi sécher fir de Vëlo maachen. Besonnesch fir eis Kanner. Mir fueren am Summer vill. Mee mam Trafic ass et a ville Stroosse geféierlech."
"Et gëtt besser. Mee de Vëlosreseau ass extreemst 'ofgehackt'. Et verléiert ee sech séier um Wee fir Vëlosweeër."
Méi sécher Connectioune, besonnesch am urbane Raume an eng Mobilitéitspolitik déi den aktuelle Besoine gerecht gëtt. D'Fuerderunge si kloer. D'Entwécklung vun der doucer Mobilitéit ass net méi ze bremsen – besonnesch an der Haaptstad, fënnt och d'Monique Goldschmit, Presidentin vun der Associatioun ProVelo: "D'Leit wëlle sech mam Vëlo deplacéieren. D'Leit hu gesinn, wéi flott dat a wéi d‘Liewensqualitéit esou kann eropgoen."
Rekordzuelen op eise Stroossen
Elleng vun 2021 op d'lescht Joer goufen 36 Prozent méi Vëloen uechter d'Stad gezielt. Déi éischte Kéier iwwert eng Millioun. Och beim Ausléin-Service vel'Oh waren et 2022 e Rekord vu 7 Millioune Kilometer an an uechter d'Stad.
"Mir brauchen, an net nëmmen an der Stad, mee och de Rescht vum Land professionell Vëlosplanner", erkläert d'Monique Goldschmit. "D'Stad Lëtzebuerg hätt d'Méiglechkeet, richteg Vëlosplanner ze engagéieren. Mir hunn déi lëscht 30, 40 Joer alles gemaach fir, datt den Autostrafic optimal leeft. Elo muss och un de Vëlo geduecht ginn."
Vill Vëlosweeër an der Stad ginn nach mat Foussgänger gedeelt oder leien, ouni kloer Markéierungen direkt niefteneen. Well et ëmmer méi Vëloe gëtt, klappt dat awer dacks net méi. Hei hoffen d'Cyclisten op séier Nobesserungen no de Walen.