Rout Zuele bei der CNSGaspillage entgéintwierken, fir laanscht Cotisatiounserhéijung ze kommen

François Aulner
D’Gesondheetskeess huet e finanziellen Defizit an hir Reserve wäert de Previsiounen no d’nächst Joer esou kleng ginn, datt d’Cotisatioune missten an d’Luucht gesat ginn.
© RTL

Ewéi op der Quadripartite festgehale gouf, schaffen Aarbechtsgruppen dowéinst bis den Hierscht u Mesurë weider, fir d’Hausse vun den Ausgaben ze bremsen. De Chef vun der CNS, de José Balanzategui, seet am RTL-Interview zwou Saachen an engem Otemzuch: De System muss méi effizient ginn, fir laanscht Cotisatiounserhéijungen ze kommen, ouni datt dat op Käschte vum kranke Patient geet.

15 bis 20% géing am Ausland verschwent ginn, esou de President an Direkter vun der CNS. De José Balanzategui freet, firwat soll dat hei am Land anescht sinn? Huet d’CNS misse rout Zuele schreiwen fir, datt elo endlech keng Sue méi zur Fënster rausgehäit ginn? "Mir hunn net bis gëschter gewaart", esou de José Balanzategui. 2015-16 wieren och scho budgetär Posten "dovunner gelaf"an et goufe Géigemesuren ënnerholl. Den CNS-Chef huet Kinesitherapie an d’Labos-Analysen genannt. Hie gëtt awer zou, datt et "manifestement" net duergaangen ass, woubäi hien drop opmierksam mécht, datt d’Besoine vun enger ëmmer méi aler Populatioun méi grouss ginn an et ëmmer méi nei Therapie-Méiglechkeeten a performant Medikamenter ugebuede ginn.

D’"Ursaache-Fuerschung" geet weider, fir "gezillt" eppes kënnen ze ënnerhuelen: Éischt Beispill: Firwat ginn et ëmmer méi Krankeschäiner, déi no 77 Deeg vun der CNS iwwerholl ginn ? De José Balanzategui huet betount, datt hie keng "faktesch Indikatiounen" hätt, datt Leit krank gemellt wieren, well se léiwer doheem wieren an datt: "déi, di am Fong am meeschten an d’Sue schloen – wann een dat esou ka soen – dat sinn déi Fäll, déi laang krank sinn, dat sinn elo net déi kuerz Krankeschäiner". All Secteur, mee besonnesch de Santéssekteur an de Bau am wiere betraff. Nieft Preventioun a méi gezillte Kontrollen, woubäi hie keng Indikatiounen hätt, datt Leit Laangzäit-Krankeschäiner kréien, obwuel se kéinte schaffe goen, huet hien d’Piste genannt, datt Dokteren an hire Krankeschäiner méi präzis Codifkatioune vun den Ursaache uginn. Dat selwecht gëllt fir en anert Beispill: Kinesitherapie, wou trotz Géigemesuren d’Depense weider geklomm sinn.

"Präis-Distortiounen" an de Grëff kréien

D’Lëscht u Budgetsposten, déi ënnert d’Lupp geholl ginn, ass laang a geet vun der Dauer vun de Sejouren am Spidol bis hin zum Virschreiwe vu Generiquen, amplaz deier Medikamenter. Den déckste Budgetsposten ass dann awer d’Remuneratioun vun den Dokteren. An deem Zesummenhang hu mir gefrot, firwat dat, wat Radiologe kréie vun 600.000 viru 5 Joer op bal 950.000 Euro explodéiert ass ? De Chef vun der CNS sot, et wier een an engem Moderniséierungs-Prozess vun der Nomenclature – d’CNS verhandelt d’Tariffer mat de respektive Spezialisten an d’Radiologe wiere geschwënn drun.

"D’Radiologie vu virun 30 Joer, dat ass net méi déi selwecht, dat ass eng aner Aarbecht ginn an ech mengen, an deem Kontext muss een effektiv d’Koeffizienter vun hiren Akten nach eng Kéier op de Leescht huelen", esou de José Balanzategui. Do wier d’Geleeënheet, fir "zesumme mat hinnen" ze kucken, wou "Präis-Distortiounen" aus der Nomenclature kéinten erausgeholl ginn.

Soll dat op Géigeléift vun den Dokteren stoussen? Iwwerdeems d’AMMD schonn am Sträit mat der Regierung hir Konventioune mat der CNS gekënnegt huet? "Esoubal et ëm Sue geet" oder ëm manner Suen, respektiv manner Haussen, wier et dem Chef vun der CNS no "natierlech ni eng flott Diskussioun". Et kéint Sträit ginn, mee hie wier "gudder Hoffnung", datt ee Kompromësser kéint fannen, wat mat den anere Spezialiste gelong wier.

Hippocrate oder Bank?

D’AMMD huet eng Rei Fuerderungen dorënner, datt d’Convenance personelle aus de Konventioune mat der CNS erausgeholl géing ginn, well deen zousätzlechen Tarif net rembourséiert gëtt. Den CNS-Chef ass iwwerzeegt, datt dat de facto eng zwou Klasse-Medezin mat sech géing bréngen, wat de Premier Luc Frieden awer a senger Ried zur Lag vun der Natioun ausgeschloss huet. Et leeft deemno dorobber eraus, datt e groussherzoglecht Reglement d’Konventioune wäert ersetzen.

D’AMMD wëll jo ënnert anerem méi Dokteren op Lëtzebuerg unzéien, fir Waardezäiten ze kierzen. Den CNS-Chef weist als éischt op e Wuesstem vun der "medezinescher Bevëlkerung" hei zu Lëtzebuerg hin. Donieft wier d’Längt vun de Waardezäiten a sengen Ae relativ a jee no Spezialitéit: "jidderee ka jo do den Test maachen". Et géing kee generellen "Accès-Problem" zur Medezin hei am Land ginn. Mat Ausnam vun de Psychiateren, wou et ewéi an anere Länner en Enkpass géing ginn.

Op d’provokativ Fro, ob d’CNS de Serment d’hippocrate respektéiert oder eng Bank ass, äntwert de José Balanzategui geloossen: "Mir sinn definitiv keng Bank." D’CNS misst dofir suergen, datt den Assuré, wann e krank ass, déi richteg Leeschtung kritt an zum richtegen Zäitpunkt. An awer och "zum beschte Präis". Hie war mat der Ausso vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez och averstan, datt de Gesondheetssystem net wäert manner deier ginn.

Neien CNS-President "weess, op wat e "sech agelooss huet"

Back to Top
CIM LOGO