En Dënschdeg de Moie war d'Véiertgewielt an der Stad Lëtzebuerg Invitée an der Redaktioun.

D’Corinne Cahen ass am gaangen hir Saachen am Familljeministère ze paken. No 10 Joer an der Regierung ass fir si Schluss. Si ass an der Stad mat an d’Gemengewale gaangen, gouf gewielt an hëlt d’Mandat – sou wéi si dat am Virfeld sot – och un.

Si wier zefridden an iwwerrascht iwwert hiert Resultat bei de Gemengewalen, sot d'Corinne Cahen am RTL-Interview en Dënschdeg de Moien. Si war eis Invitée vun der Redaktioun.

D’Nach-Familljeministesch gouf an der Stad 3. Gewielt op der DP-Lëscht. Gëschter hätt si dem Premier matgedeelt, datt si d’Regierung géif verloossen. De Rendez-vous beim Grand-Duc soll dës Woch sinn, direkt dono dierft den Nofollger oder d’Nofollgerin vereedegt ginn.

Wien hir Successioun am Ministère iwwerhëlt, kéint si net soen.

Dat géif d'Demokratesch Partei decidéieren. Alles wär méiglech, et misst ee sech nach e bësse gedëllegen.

Hir 10 Joer am Ministère wiere formidabel gewiescht. Et hätt ee grouss Reforme gemaach. De Familljeministère wier deen "allerschéinste" Ministère.

Elo wéilt si sech an der Stad an de Koalitiounsverhandlungen engagéieren. Déi wäre maassgeeblech fir déi nächst 6 Joer. Eng Plaz am Schäfferot ass fir si – als 3. Gewielt op der DP-Lëscht – ganz warscheinlech.

Wann d'Partei si freet, géif d'Corinne Cahen och nees mat an d’Chamberwale goen.

Invité vun der Redaktioun: Corinne Cahen

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.