Mobbing a Gewalt géint mannerjäregt Meedchen - Mamm: “D’Police sot eis, hinne wieren d’Hänn gebonnen” Dorop ze gesi war e jonkt Meedchen, dat vun anere Jonken humiliéiert a geschloe gouf, alles gefilmt vun engem ganzen Trapp Leit ronderëm.
De Video war deemools mat Accord vun der Mamm an dem Affer online gesat ginn, fir no den Täter ze sichen. Elo reagéiert de Parquet général.
D’Simone Flammang ass Premier avocat général an zoustänneg um Parquet général fir Jugendschutz. Och wa Lëtzebuerg kee spezifescht Jugendrecht huet, géing dat net heeschen, dass d’Täter sech net misste veräntwerten. Jugendlech Täter riskéiere Sozialstonnen, a schlëmme Fäll kann d’Kand och aus der Famill erausgeholl ginn an an der Unisec placéiert ginn. Déi zouen Unitéit wier awer dacks scho voll besat, esou dass een dann awer op déi oppe Strukturen zu Dräibuer oder Buerglënster auswäiche misst.
Am aktuelle Fall géif d’Police d’Affer, d’Täter an déi Leit, déi gefilmt hunn, héieren. Och jugendlech Täter hunn awer Rechter, zum Beispill, dass se en Affekot kënne kréien a sech net selwer belaaschte mussen. D’Affer muss an esou Fäll iwwregens keng Plainte maachen, d’Police géing automatesch aktiv ginn, wann esou Fäll bekannt géifen. Eng eegen Unitéit, déi no esou Videoe sicht, géif et awer net, esou d’Simone Flammang.
D’Deele vun esou engem Video op de soziale Reseauen, egal mat wéi engem Motiv, ass iwwregens verbueden.
“Ech kéint do d’Beispill vun der Kannerpornographie ginn: Stellt Iech vir, dat Kand oder dee Jugendleche seet dann, dat ass ok fir mech, Dir kënnt dat ronderëm schécken. Dat geet jo och net”, erkläert d’Simone Flammang.
Géint d’Mamm vum Affer géif awer wuel net enquêtéiert ginn, och wa si de Video vun hirem Kand illegal verbreet huet. Iwwer 8.000 Mol war deen op Facebook gedeelt ginn.
Op Tiktok hu sech iwwerdeems Indicen erginn, dass dat Ganzt eng Zort Revancheaktioun géint dat jonkt Meedche war. Verschidde User reprochéieren do dem Affer, hat hätt intim Fotoe vun anere Leit ouni deenen hiren Accord gedeelt.
Ob esou Strofdoten, also Mobbing an de Video duerno online setzen, zouhuelen, kann de Parquet Général net soen. Et hätt een net d’Gefill, domat iwwerschwemmt ze ginn. Eng definitiv Zuel kann een awer net ginn, Statistiken doriwwer ginn et keng.