
Wien hir Successioun am Ministère iwwerhëlt, géif d’Demokratesch Partei decidéieren.
D’Pai vun engem Minister variéiert jee no Funktioun. De Premier kritt méi wéi een Ausseminister an deen nees méi wéi aner Ministeren.
Bei d’Basis-Pai kommen dann nach Sue fir Representatiouns-oder Deplacementsfraisen, fir just déi ze nennen.
E Minister, dee virum Enn vu sengem Mandat ophält, kritt seng Basis-Pai 3 Méint ganz an dann degressiv iwwer zwee Joer. Dat sinn an der Moyenne als Basis-Pai ëm déi 12.000 Euro Netto. *
Dat Geld ass da cumulabel mat zum Beispill enger Pai als Deputéierten, oder wéi elo warscheinlech de Fall bei der Madamm Cahen als Schäffen.
Et ginn der Hierarchie no de Buergermeeschter, de Schäfferot an de Gemengerot.
Et kann een et, graff gesinn, mat der Regierung vergläichen. De Buergermeeschter ass de Premier, d’Schäffe sinn d’Ministeren an de Gemengerot ass d’Parlament.
Grad wéi d’Parlament ass et um Gemengerot den Exekutiv, also d’Regierung respektiv de Schäfferot ze kontrolléieren. Dat ass méi wéi dacks an der Politik just Theorie. Op der enger Säit gëtt et politesch Majoritéiten, op der anerer Säit och praktesch Limitten.
Wann de Gemengerot eestëmmeg zum Beispill de Bau vun enger Sportshal decidéiert, dann hunn d’Conseilleren hiert gemaach. Wéi den Amenagement vun der Hal um Enn ass, geet laanscht si.
Do sti wéi am Fall Cahen d’Funktioune vu Regierungsmemberen net awer vun Deputéierten.
Et ginn awer nach aner Funktiounen, déi net a Fro kommen. Beispill: Leit, déi an enger aktiver militärescher Karriär sinn, verschidde Leit aus dem Inneministère, d’Leit vun de reliéise Kulten.
Et dierf een an engem Gemengerot och keng Leit zesummesëtzen hunn, déi bis den zweeten Degré abegraff matenee Famill sinn.
De Montant hänkt awer vu Gemeng zu Gemeng of. Grad wéi d’Zuel vu Schäffen a Conseilleren. Dat geet am Schäffen-a Gemengerot vu 7 Membere bei manner wéi 1.000 Awunner bis op 27 Membere fir d’Stad Lëtzebuerg
Wat den Dedommagement betrëfft, läit d’Forschett fir d’Buergemeeschtere bei klenge Gemenge bei ëm déi 500 Euro de Mount bis d’Stad Lëtzebuerg mat ëm déi 6.000 Euro
Do kritt ee Schäffen ëm déi 2.500 Euro de Mount, also ronn den net qualifizéierte Mindestloun
Den Ament ass d’Diskussioun vun der Trennung vun de politesche Mandater nees relancéiert mat och dem Volet vollberuffleche Buergermeeschter, mä dat ass eng aner Diskussioun, déi nach an e puer Joren an de Kulisse geeschtere wäert.
Dat gëtt deels iwwert de politesche Congé kompenséiert. Och dat hänkt vun der Gréisst vun der Gemeng of. Dee läit fir ee Schäffen zu Diddeleng zum Beispill bei 20 Stonnen d’Woch
Independanten a Leit ouni reegelrecht Beruffsaktivitéit wéi Hausfraen zum Beispill, déi jo doheem genuch ëm d’Oueren hunn, déi kréien deen ausbezuelt. Dat ass bei 2 mol de Mindestloun plafonéiert.
Wie bei engem Patron schafft, muss fräigestallt ginn. De Betrib kritt de Montant fir de Congé politique dann iwwerwise bis ee gewësse Maximum.
Dat ass relativ strikt gereegelt. Opgedeelt tëscht Kompetenze fir de Staat respektiv d’Gemeng.
D’Haaptmissioune vun der Gemeng sinn den Amenagement op hirem Territoire. D’Gemenge-Reglementer, d’Waasser- an d’Offall-Gestioun, den Etat civil, den Accueil vu Kanner, verschidde sozial Leeschtunge wéi den Office social, an natierlech d’Gestioun vun enger dach décker Personaldecken oder nach d’Sports-Infrastrukturen.
Et ass, wéi gesot, gereegelt an do deet de Bierger gutt dru sech ze informéieren. Beispill d’Voirie.
Do ginn et alt emol Diskrepanzen a Fäll, wou och d’Ponts et Chaussées mat ze schwätzen hunn. Da ka jee no Gemengereegel oder Reegel vu Ponts et Chaussées d’Breed vun enger Garagenafaart schonn emol ee Meter méi grouss oder ebe méi kleng sinn.
An der Moyenne ass eisen Alldag quasi méi vun der Gemengepolitik gereegelt wéi vun der nationaler Politik. Frot emol Leit, déi een Haus bauen. Wat steet am PAG, wat seet de PAP. Wat seet d’Reglement, wéi déif ech ka bauen, wéi wäit muss ech vum Noper ewech bauen, wéi héich dierfe meng Hecke wuessen, wat ass, wa meng Hecken op den Noper säin Terrain eriwwer wuessen, wéini dierf ech de Wues maachen. Tendenz steigend.
*Déi nämmlecht Reegele gëllen och fir Ministeren déi hiert Amt zu Ënn maachen.