Justizkommissioun an der Chamber
Vott vu Cannabis-Reform nach virum Summer 2023
Nach virum Summer dëst Joer wäert iwwer d'Reform vum legale Kader fir de rekreative Cannabis gestëmmt ginn.
Dat war e Mëttwoch no der Reunioun vun der Justizkommissioun an der Chamber gewuer ze ginn. D'Gesetz krut jo schonns am Regierungsrot gréng Luucht.
Domat wäert dann eng limitéiert perséinlech Consommatioun méiglech ginn. En Erwuessenen däerf bis zu 4 Planze pro Stot op Basis vu Som bei sech doheem uplanzen.
De Konsum am ëffentleche Raum bleift verbueden. Wie sech do net drun hält, riskéiert eng Geldstrof vun tëscht 25 a 500 Euro. Dat selwecht gëllt, wann ee méi wéi 3 Gramm bei sech huet.
Rapportrice vum Projet de loi ass déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorschée.
Am meeschte gelies