Working PoorAarm trotz Aarbecht, och zu Lëtzebuerg eng Realitéit

RTL Lëtzebuerg
De leschten Zuelen, déi virleien, no ass Lëtzebuerg ee vun den traurege Spëtzereider, wat den Aarmutsrisiko an der Eurozon ubelaangt.
Aarm trotz Aarbecht, och zu Lëtzebuerg (eng Realitéit)
De leschten Zuelen, déi virleien, no ass Lëtzebuerg ee vun den traurege Spëtzereider wat den Aarmutsrisiko an der Eurozon ubelaangt.

De Phänomen “Working Poor” ass och eng Realitéit zu Lëtzebuerg. Rezent gouf dëst nach emol am Sozial-Panorama 2023 vun der Chambre des Salariés opgegraff, fir deen déi wirtschaftlech a sozial Situatioun vu Lëtzebuerg analyséiert gëtt.

De leschten Zuelen, déi virleien, no ass Lëtzebuerg ee vun den traurege Spëtzereider, wat den Aarmutsrisiko an der Eurozon ubelaangt, an dat obwuel ee schafft. Eng Aarbecht schützt deemno net méi onbedéngt viru Prekaritéit. Duerchschnëttlech läit den Taux bei 13,5% an domat méi héich wéi an eisen Nopeschlänner. An der Belsch läit e bei ronn 5%. Donieft weisen och déi neisten Zuele vum Statec ronderëm de sougenannten IPCN eng kloer Tendenz bei der Präisdeierecht. Dësen Index fir d’Entwécklung vun de Präisser fir bestëmmte Wueren a Servicer fir Konsumente wéist et gouf mat 12,19%. Allgemeng eng zolidd Hausse bei Liewensmëttel an Non-Alkoholeschem. Bei eenzele Liewenmëttelklassen ass dës Hausse nach méi frappant, virop d’Geméis, bei deem ee vum Mee 2022 op Mee 2023 elo bal 20% méi bezilt, och Mëllech a Broutproduite si staark geklommen a Kleeder respektiv Schong sinn iwwer 5% méi Deier ginn. Bei de Vakanze sinn et 12%.

Am Top-Thema-Reportage am Magazin erzielt eng betraffe Mamm, mir nenne se Anna*, wéi schwéier et haut fir si ginn ass, d’Änner beieneen ze kréien. An d’Vakanz gi si schonn zënter Joren net méi. D’Famill géif sech allgemeng elo anescht ernieren, manner gesond, méi Brout an Nuddelen, well et einfach ze deier gi wier.

“Et misst ee scho bal zaubere kënnen, fir mat engem klenge Budget dräi gesond Moolzechten ze preparéieren, dat war soss net sou (...)”, erënnert sech d’Anna. “Virun der Kris konnts de fir 200 Euro nach e ganze Caddie fëllen, elo geet dat net méi. Elo keefs de just nach dat Néidegst.”

An de Restaurant gi se och net méi, an Kino gëtt et just fir e Gebuertsdag vun de Kanner. Dobäi ass dëst e Stot mat 2 Revenuen, ma wéi bis d’Energiepräisser explodéiert sinn ass et bemol net méi opgaangen. Marianne Donven, Co-Fondatrice vun der Associatioun “OH!Oppent Haus”, huet dëser Famill an och aneren, bei deene se d’Situatioun kennen, punktuell gehollef. Zum Beispill eng Gasrechnung iwwerholl, wéi d’Präisser sech zum Deel verdräifacht haten am Wanter. Allerdéngs kënnt et ewell ëmmer méi dacks vir, datt och déi Leit, déi am Fong gutt eens gi sinn, och wann et ëmmer knapp war mat hirem Loun, elo net méi iwwert d’Ronne kommen.

"(...) et hëllefe jo dacks Offices sociauxen oder aner Associatiounen, ma a heiansdo fale Leit, déi schaffen duerch de Raster, well se ze vill Akommes hunn, fir gehollef ze kréien an et awer eleng net packen”, seet d’Marianne Donven.

Sozial Ongläichheeten, déi wuessen, erlieft net just d’Marianne Donven, déi sozial ganz engagéiert ass, och de Sozial-Panorama vun der CSL ënnersträicht et a ville Beispiller. Firwat och een u sech “gudde” Mindestloun an dësen Zäiten net méi jiddereen opfänkt, erkläert am Reportage de Professer Luca Ratti vun der Uni Lëtzebuerg, dee Studien zum Phänomen Working Poor publizéiert huet. Schaffen ass aktuell net méi en absolutte Garant, fir net an e finanzielle Misär ze rëtschen.

*D’Redaktioun huet den Numm vun der Mamm geännert.

Back to Top
CIM LOGO