Bal en Drëttel vun de Stéit zu Lëtzebuerg kruten am Laf vum Liewe substantiell privat Transferte wéi Ierfschaften oder Donen.

90 Prozent vun deene Stéit si Proprietär vun hirer eegener Wunneng a 16 Prozent dovunner kruten hir Wunneng geschenkt oder verierft. Dat geet aus enger Etüd vun der Zentralbank ervir, déi sech domat beschäftegt, wéi privat finanziell Transferte Stéit hëllefen, e Logement ze kafen.

Vun deene Stéit, déi keng substantiell Ierfschaften oder Done kruten, sinn op där anerer Säit 60 Prozent Proprietäre vun hirem Haus oder Appartement.

Wann een den Total vun de Menage kuckt, déi zu Lëtzebuerg Proprietär vun enger Wunneng oder engem Haus sinn, hu 6 Prozent hire Logement geierft.

D'Warscheinlechkeet, datt e Stot Proprietär ass geet an der Moyenne ëm 4 bis 6 Prozentpunkten an d'Luucht wann en eng privat finanziell Ënnerstëtzung krut. Deen Effekt géing awer staark vum Montant ofhänken. Bei Transferten ënner 100.000 Euro wier den Impakt net signifikativ, well d'Präisser um Immobiliëmaart esou héich sinn. D'Zentralbank mécht drop opmierksam, datt am Joer 2018 50.000 Euro manner wéi 8 Prozent vum Medianwäert vun de Residenzen zu Lëtzebuerg ausgemaach hunn.

An enger weiderer Etüd, déi e Freideg publizéiert gouf, stellt d'Zentralbank fest, dass d'finanziell Vulnerabilitéit vun de Stéit tëschent 2018 an 2021 an d'Luucht gaangen ass. Virun allem wier d'Schold vun de Stéit méi séier geklomme wéi hire Revenu.