NextGenerationEU
Lëtzebuerg krut 20,2 Milliounen Euro vun der EU-Kommissioun

© Jeannot Ries / RTL
D'Subventioune goufen am Kader vum Relance-Programm NextGenerationEU ausbezuelt.
De Grand-Duché hätt déi éischt Tranche e Freideg iwwerwise kritt, well 26 Jalonen an Ziler agehale goufen, sou d'EU-Kommissioun. Dat duerch notamment d'Ëmsetze vum Pacte Logement 2.0 oder d'Digitalisatioun am ëffentleche Secteur duerch Projete wéi d'MyGuichet-App.
Viru knapp engem Joer hat Lëtzebuerg schonn eng Virfinanzéierung vun 12,1 Milliounen Euro kritt, am Ganzen huet de Grand-Duché 82,7 Milliounen Euro zegutt.
Am meeschte gelies