Mat der Alphabetiséierung op Franséisch versprécht d’Regierung sech méi Chancëgerechtegkeet, notamment vis-à-vis vu Schüler mat frankophonem Hannergrond.

Déi Gréng ënnerstëtzen zwar de Projet Alpha, d’Deputéiert Djuna Bernard huet awer e Mëttwoch um Krautmaart drop verwisen, datt fir vill Schüler net déi däitsch mä déi franséisch Sprooch e groussen Defi duerstellt. An enger Question élargie wollt d’Djuna Bernard an der Plenière vum Educatiounsminister Claude Meisch wëssen, wéi hien dann zu enger eventueller däitscher Filière an de Lycée géing stoen.

Djuna Bernard an der Chamber

"Wa mir fir déi net germanophon Kannerbarriären ofbauen, firwat solle mer dat net och fir déi däitsch oder lëtzebuergesch sproocheg Kanner am ieweschten Zyklus vum Lycée maachen? Dat wier konsequent. Dat wier fair. An ech mengen och, dass dat gutt wier fir d'Akzeptanz an de Prinzip hannert dem Projet Alpha."

Eng pertinent Revendicatioun, seet de Ressortminister Claude Meisch. Hie war e Mëttwoch de Moien op RTL an der Emissioun "Dir hutt d'Wuert" an huet Ried an Äntwert zum Sujet vun der Alphabetiséierung op Franséisch gestanen. Am Général wier sou eng Filière zwar kee Paradigmewissel, well just d’Mathé concernéiert wier. Am Classique géing déi Fro sech awer effektiv stellen, sou den Educatiounsminister, an et géingen och Iwwerleeungen an déi Richtung ginn.

Claude Meisch an der Chamber

"Wat ech mer ka virstellen, dat ass, datt mer de Pilotprojet elo scho konzipéieren an och ufänken, an datt een dann duerno, wa mer déi Diskussiounen do eng Kéier féieren - op d'mannst wann ee Konklusioune kann draus zéien, och Resultater aus deem Pilotprojet do hätt. Ech kéint mer och virstellen, datt een déi Fro aneschters géif klären am Kontext vun deene Pilotprojete vum Sproochewiessel oder vum Wiessel vun der Unterrechtssprooch, fir korrekt ze sinn, op der Quatrième, datt dat och eppes wär, wat vläicht och scho vun de Schülerinnen an de Schüler gesot kéint ginn, ob se dat wëlle maachen oder net."

En anere Sujet an der Plenière war e Mëttwoch de Mëtteg de Logement mam Schwéierpunkt Locatioun.