Sozialpartner leeën hir opposéiert Vuen a Punkto Aarbechtspausen nach emol duer
© François Aulner / RTL
Op den éischte Bipartitte virun 3 Wochen hunn d'Sozialpartner hir respektiv Proposen a Positiounen nach emol duergeluecht.
D'Regierung a Sozialpartner diskutéieren e Mëttwoch op der zweeter Ronn vu Bipartitten nees separat iwwert d'Reegelen a Saachen Aarbechtszäitorganisatioun. Um 14 Auer de Mëtteg haten den Aarbechtsminister Georges Mischo, de Wirtschaftsminister Lex Delles an eng Rei Beamte Vertrieder vum Patronat am Aarbechtsministère um Rousegäertchen op Besuch. Um 16 Auer hunn d'Gewerkschaften d'Patronat ofgeléist.
Et ass besonnesch ëm d'Dispositioune gaangen, déi d'Pause wärend der Aarbecht reegelen. De President vun der Union des entreprises UEL, de Michel Reckinger, sot no der Reunioun, datt et ëm gesonde Mënscheverstand géing goen. Aktuell däerf nëmmen eng Paus onbezuelt sinn. Hautzedaags hätte vill Beschäftegter awer méi ewéi eng Paus pro Dag, esou de Michel Reckinger. Genee ewéi d'Referenzperioden a Plans d'organisatioun du travail (POTs), déi méi laang a flexibel Aarbechtszäiten en Echange vu Kompensatiounen erméiglechen, wier a sengen Ae de Kader net méi adaptéiert.
D'OGBL-Presidentin Nora Back huet awer bei hirer Arrivée scho gekontert a gefrot, ob dann eng Botzfra oder Infirmière zum Beispill soll all hir Deplacementer an engem Dag net bezuelt kréien? Wat d'Referenzperioden ugeet an d'Plans d'organisation du travail, huet si betount, datt d'Leit Previsibilitéit brauchen an en Equiliber tëscht Schaffen a Privatliewen.
D'Patronat an d'Gewerkschaften hunn also ganz ënnerschiddlecht Verständnis vun deem, wat modern oder flexibel Aarbechtszäit ass. E Kompromëss ass deemno net a Siicht. Wéi eng konkret Virschléi d'Regierung a Punkto Referenzzäiten, Plans d'organisation du travail a Pause wëll maachen, ass och nach net bekannt. Den Aarbechtsminister huet awer jo déi lescht Deeg nach emol widderholl, datt hie sech vun de Bipartitte Resultater erwaart. Ufanks d'nächst Joer soll et zwee weider Rendez-vousen hei um Rousegäertche ginn.
Bësse méi frëndlech a jovial ewéi per Post
D'Stëmmung war an ass gro, kal an naass. Wéinst dem Wieder, banne war se besser, wann och net vill besser. D'Patronat kritt ewéi déi lescht Méint hir Enttäuschung oder souguer Frust nach ëmmer net verstoppt. Well ee sech op de Sozialronne weder a Punkto Renten, nach Kollektivverträg sech duerchgesat krut. Trotzdeem hat een e bëssen e Gefill vu Motivatioun op hirer Säit.
Bei de Gewerkschaften do huet een nach ëmmer d'Mësstraue gespuert, och wann d'Regierung a Punkte Renten a Kollektivvertrag ferm zeréckgeruddert huet. Se sinn nach ëmmer op der Defensiv. Well se sech net well virféiere loossen, hu se jo och decidéiert, net méi um permanente Beschäftegungscomité deelzehuelen, wou all d'Sozialpartner un engem Dësch setzen. Dowéinst d'separat Reuniounen.
An awer war d'Stëmmung bei der Arrivée vun de Gewerkschaften um 16 definitiv besser ewéi se am Bréif vun OGBL an LCGB eriwwerkënnt – an engem Bréif sote se jo dem Premier, de Georges Mischo wier an hiren Ae als Aarbechtsminister eng Feelbesetzung. E Mëttwoch hu sech de Georges Mischo an d'Nora Back op d'mannst ganz héiflech a souguer frëndlech begréisst. De Lex Delles war ewéi gewinnt jovial drop.