Bis ewell gouf nach kee Beamten an der Karriär A2 agestallt
© RTL Archiv
Aktuell heescht et vum Policeminister Gloden, dass weider en Aarbechtsgrupp am Gaangen ass drun ze schaffen.
Zanter 7 Joer gëtt et d'Karriär A2 bei der Police, dat allerdéngs just um Pabeier an als Gesetz... Souwuel déi viregt, wéi och déi aktuell Regierung hu bis elo nach kee Beamten an där Bachelor-Karriär agestallt.
Aktuell heescht et vum Policeminister Gloden, dass weider en Aarbechtsgrupp am Gaangen ass drun ze schaffen, fir iwwerhaapt d'Missiounen an d'Posten ze definéieren, déi ënnert den A2-Régime solle falen.
Duerfir sinn och ënnert den 205 neie Posten, déi d'nächst Joer bei der Police ausgeschriwwe ginn, nëmme fënnef A1, 40 C1 an 160 B1-Karriäre virgesinn, mee keng Bachelor-Lafbunn.
Wann den Aarbechtsgrupp bannent dem Minister vun de banneschten Affären bis seng Aarbechten ofgeschloss huet, soll awer am A2 rekrutéiert ginn, heescht et vum CSV-Minister. D'Froen un de Léon Gloden hat den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana gestallt.
Hei d'Äntwert op déi parlamentaresch Fro vum Dan Biancalana also PDF!