De Lëtzebuerger Gesondheetssystem ass ganz gutt a soll et och bleiwen.

Dat seet de President vun der Lëtzebuerger Spidolsfederatioun FHL zu de rezenten Diskussioune ronderëm eng méiglech Kommerzialiséierung vun der Medezin. De Projet vun der "Findel Clinic" gesäit den Dr Marc Berna dofir éischter als eng Chance. Virausgesat, se géing als eng Spidols-Antenne fonctionéieren. Wann net, dann hätt een eng ganz Rei Problemer.

FHL-Gesondheetssystem / Reportage: Annick Goerens

"Éischtens, fir dat un eng Klinik ugebonnen ze kréien. Déi Agrëff, déi do gemaach géife ginn, wie këmmert sech ëm d'Komplikatiounen, wann déi kommen. Wou dann daagsiwwer d'Saache gemaach ginn a Problemer, déi dann an der Nuecht optrieden, géifen dann an de Klinicke gemaach ginn. Déi Ubannung sollt scho méi enk un esou eng Klinik sinn. Zweete Problem: wann een do een Environnement schaaft, wou Doktere kënnen selektiv vu moies 8 bis owes 6 schaffen, duerno de Buttek zoumaachen, ouni musse Garden ze maachen. Dann ass dat vläicht och esou attraktiv, dass d'Leit dann d'Klinicke verloossen, fir an esou Strukture kënnen schaffen ze goen. Och dat geet net. A letztendlech: wéi gesäit et do mat der Bezuelung aus? Si si am nämmlechte Kollektivvertrag oder net? A wann net, wéi kréien ech dann d'Leit dozou, an déi Strukture schaffen ze goen?" 
 
Kënnegung tëscht der CNS an der AMMD, kéint och eng Chance sinn
 
Wat d'Kënnegung vun der Konventioun tëscht der Dokteschassociatioun AMMD an der CNS ugeet, empfënnt den FHL-President, dat och éischter als eng Chance, dass eppes Besseres kann entwéckelt ginn.

"Awer ee Pilier vun eisem Gesondheetssystem, wou mir als FHL net géife recommandéieren, drun ze goen, ass den Conventionnement obligatoire vun den Dokteren. Dat garantéiert eiser Meenung no een equitabelen Zougang zum Gesondheetssystem an ass deementspriechend e wichtege Feiler. Well e gudde Gesondheetssystem ass nëmmen da gutt, wann en alle Leit eng excellent Versuergung erméiglecht." 

Wann een Dokter net un d'Gesondheetskeess gebonne wier, dann kéint en theoretesch den Tarif froen, deen hien wéilt.

"Ganz plakativ gesinn, steiere mer dann op een System hin, wéi mir en aus de Vereenegte Staate kennen, wou mer déi beschtméiglech medezinesch Versuergung vun der Welt fir ganz wéineg Leit hunn. A wou de Gros vun der Bevëlkerung bei éischter schlechter Gesondheet ass." 
 
De Lëtzebuerger Gesondheetssystem steet ënner Drock, well et u Personal feelt 
 
Dass mer aktuell esou vill Diskussiounen iwwer d'Privatiséierung hätten, léich dorun, dass mer e ganz gudde Gesondheetssystem hätten, mee de stéing ënner Drock.

"Mir hunn zu Lëtzebuerg méi eng héich Liewenserwaardung a manner Doud duerch vermeidbar Krankheeten, wéi an de Länner ronderëm. Mee natierlech ass et esou, dass de System den Ament ënner Tensioun geréit. Mir hu manner ekonomesche Wuesstem a manner demographesche Wuesstem wéi an de leschte Joerzéngten. Deemno hu mer och Problemer, fir genuch Leit ze fannen, fir am Secteur ze schaffen. An de System muss sech dann upassen an e muss dat relativ schnell maachen an dofir gesi mir och an deene Strukturen ausserhalb vun de Klinicken eng Chance."
 
Ausbildung hei am Land virundreiwen: Unisspidol? 
 
Donieft missten och onbedéngt méi Medezinner a Gesondheetsberuffler hei am Land ausgebilt ginn. A besonnesch op engem méi héije qualitativen Niveau, sou den Dr Berna. D'Uni Lëtzebuerg wier derbäi, dat ze maachen an déi Efforte missten och nach méi weit bedriwwe ginn. Wei gesäit et an dem Kontext aus mat engem Universitéitsspidol?

"Zu Lëtzebuerg ass eng universitär Medezin machbar, wa mer alleguer zesummen am Reseau, also d'Uni, d'Fuerschungsinstituten, d'Klinicken zesummeschaffen, fir déi Funktioun vun enger Unisklinik an eisem ganzen System ofbilden."  

Een änleche Modell, also wou all déi ëffentlech Klinicken zur Unisklinik gehéieren, géing et zu Singapur ginn. E Land, wat mat Lëtzebuerg vergläichbar wier, punkto Räichtum a Fonctionnement, sou den FHL-President Dr Marc Berna.