Mesurëpak vun 150 Milliounen Euro fir de Bausecteur presentéiert
De Logementsminister, den Ekonomiesminister an de Mëttelstandsminister hunn en Dënschdeg eng Partie Mesurë presentéiert, fir de Bausecteur z'ënnerstëtzen.
Zanter Méint warnen d’Patronsverbänn virun enger Well vu Faillitten am Bausecteur. Dat well d'Käschte fir ze bauen a Suen ze léinen, staark geklomme sinn an d'Demande um Logementsmarché nogelooss huet. De Logementsminister Henri Kox, de Wirtschaftsminister Franz Fayot an de Mëttelstandsminister Lex Delles hunn en Dënschdeg e neie Paak vu Mesuren presentéiert, fir de Secteur ze stäipen. Ronn 150 Milliounen Euro soll e wäert sinn.
Covid, Krich, héich Zënsen – de Bausecteur stécht an enger Polykris esou de Logementsminister. "Eis ass dru geleeën, keng Kuerzaarbecht a keng Faillitten ze hunn", erkläert den Henri Kox. Dofir soll et kuerzfristeg Hëllef ginn.
13 Mesuren hunn déi dräi Minister presentéiert. Déi waren awer längst net all nei oder konkret. An déi Kategorie fält zum Beispill déi alleréischt Mesure : D’Ukënnegung, déi ëffentlech Investissementer héich ze halen. Oder déi, datt de Staat Promoteuren Wunnengen ënnert dem Marchéspräis ofkafe wëllt. Eng Mesure, un där scho säit Méint geschafft gëtt.
Méi konkret a nei war d’Annonce vum Lex Delles. Fir de kléngen a mëttleren Entreprisen vum Bau entgéintzekommen, wäert een "de Seuil, ab deem e speziellt Finanzéierungsgesetz néideg ass, fir ëffentlech Bauten, proposéieren, fir vu 40 op 60 Milliounen Euro eropzegoen."
D’Gemenge sollen eng zousätzlech Enveloppe vu 25 Milliounen Euro kréien, fir d'energeetesch Sanéierung vun hire Gebaier. Och d'Subventiounen, déi privat Entreprisen fir esou Sanéierunge kréien, ginn erhéicht. Crèchen a Maisons relaisen kréie méi héich Subventiounen, fir ze renovéieren an ze moderniséieren. All dëst mam But, d'Demande fir de Secteur vun der Constructioun an dem Parachèvement ze stäipen.
Iwwer den europäesche Sozialfong kréien d’Betriber 1,4 Milliounen Euro, fir hir Mataarbechter forméieren ze loossen, esou de Franz Fayot : "Do geet et ëm Formatiounen, spezifesch, alles wat déi nei Techniken ugeet, vu Photovoltaik, Wärmepompelen, Isolatioun. Dat heescht, all déi Mesuren, déi musse geholl ginn, fir Pnec-konform ze sinn, am Klima-Beräich, an der Energie-Effizienz, déi och elo an dësem Paak eng ganz wichteg Roll spillen."
Doriwwer eraus mécht den Henri Kox nei Amendementer um Projet de loi iwwert déi individuell Aides au Logement. Fir Primo-Acquéreuren, déi eng éischt Wunneng kafen gëtt eng Konjunktur-Prime agefouert, erkläert den Henri Kox : "Do gi mer zäitbegrenzt, well mir wëlle jo e Booster hunn, bis Dezember 2024 zousätzlech 20.000 Euro zur Verfügung."
De Seuil fir eng staatlech Garantie fir en Immobilljeprêt géif vun aktuell ëm 157.000 op 278.500 Euro an d'Luucht goen. D’Subventioune vun den Zënsen op de Logementsprêten fir Stéit mat Kanner ginn ugehuewen an den Niveau vun de Subventiounen dem Akommes ugepasst, fir d’Mesure méi sozial ze cibléieren. Déi Amendementer mussen nach emol vum Conseil d’Etat aviséiert ginn, mä de Projet soll nach virun de Wale gestëmmt ginn.