D'Sozialiste ginn och am Walbezierk Zentrum mat enger paritéitescher Duebelspëtzt an d'Course. Viru 6 Joer hat d'LSAP am Zentrum 2 Sëtz kritt.

Franz Fayot a Francine Closener heeschen d'Spëtzekandidate vun der LSAP am Zentrum fir d'Chamberwalen am Oktober.

D'Lëscht mat den 19 Kandidaten nieft dem Spëtzekandidaten-Duo gouf e Méindeg den Owend vum LSAP-Bezirk zu Biereng bei Miersch guttgeheescht.

Interessant Nimm op der LSAP-Lëscht si sécherlech den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit, deen d'riets Hand vun der Gesondheetsministesch Lenert ass, grad wéi den CHL-Generaldirekter Romain Nati, deen och bis viru 4 Joer Member am Staatsrot war. Béid Medezinner sinn Newcomer bei de Landeswalen.

Déi aktuell Deputéiert a fréier Buergermeeschtesch vu Weiler zum Tuer Cécile Hemmen stellt sech och nach emol an de Landeswalen, nodeem Si 2018 Fënneftgewielt virum Joanne Goebbels gouf.

Soss op der Zentrums-LSAP-Lëscht si béid Stater Conseillere Maxime Miltgen a Gabriel Boisante, d'Diddelenger Conseillère Fabienne Dimmer, de Biisser Buergermeeschter David Viaggi, grad wéi d'Buergermeeschtesch vu Luerenzweiler, Marguy Kirsch-Hirtt an d'Lokalpolitiker Jeff Herr, Claire Delcourt a Régis Moes.

Aner LSAP-Kandidaten, déi zum groussen Deel och an der lokaler Politik aktiv sinn, sinn de Ben Baus, den Olivier Bichel, de Marvin Caldarella Weis, d'Elisabete Cerdeira Soares, d'Autrice Monique Feltgen, de Mathés-Professer Paul Klensch, d'Aktivistin fir d'Rechter vu Behënnerten a Patienten Susanna Van Tonder an d'Hesper Consillière Rita Velazquez-Lungi.

2018 waren d'Sozialisten am Zentrum vun 3 op 2 Sëtz gefall - a Prozenter war dëst eng Perte vun 3 Punkte fir nach op knapp 12% ze landen. Zum Verglach: 2004 an 2009 hat d'LSAP am Zentrum nach 4 Deputéiert mat engem Taux vun ronn 18%.

Et steet vill um Spill fir d'Zentrums-Sozialisten, well mam Etienne Schneider a Marc Angel zwee Schwéiergewiichter musse kompenséiert ginn, déi am Cumul op eng 27.000 Stëmme koumen. Eleng den Etienne Schneider hat 2018 eng Avance vun iwwer 7.000 Stëmmen op den deemools Drëttgewielten Franz Fayot, deen nogeréckelt war an eréischt virun 3 Joer an d'Regierung komm war.

Op der LSAP-Zentrumslëscht sinn 10 Fraen an 11 Männer.