E Mëttwoch gouf an der Chamber iwwert den néidege Gesetzprojet zum Ubau vu Cannabis fir de private Konsum ofgestëmmt.

Déi éischt Etapp an der Legaliséierung vum Cannabis krut e Mëttwoch an der Chamber gréng Luucht. De Gesetzprojet gouf mat 38 Jo- géint 22 Nee-Stëmmen ugeholl. D'CSV huet dogéint gestëmmt. D'ADR war gespléckt: si hu verschidde Mesurë begréisst. Aneres vill kritiséiert. Dofir huet de Fernand Kartheiser dogéint gestëmmt. Déi dräi aner Deputéiert vun der ADR dofir. Mat der Majoritéit hunn d'Piraten an déi Lénk de Gesetzprojet guttgeheescht.

Fir déi Blo-Rout-Gréng-Koalitioun géif et elo e klore Kader fir de Gebrauch vu Cannabis ginn. Dee wär awer accompagnéiert mat der Warnung, dass de Cannabis net harmlos ass. D'Approche wär déi, d'Risken ze reduzéieren a präventiv géint d'Kriminalitéit virzegoen.

Erwuessener däerfe jo Cannabisplanzen doheem ubauen. 4 Stéck pro Stot. Doheem däerf een och consomméieren – allerdéngs net a Presenz vu Mineuren.

D'Strofe fir de Besëtz vu klenge Quantitéite ginn erof. D'Consommatioun dobausse bleift verbueden. Ma d'Protokoller ginn erof op 25 bis 500 Euro. Eng Amende vun 145 Euro ass méiglech, wann eng Persoun manner ewéi 3 Gramm bei sech huet. Driwwer geet et bei de Parquet.

Et gouf vill Kritik vun CSV an ADR. Zum Beispill gouf beklot, dass den Text engersäits ze flou wär, anerersäits géif d'Kiffe verherrlecht ginn.

D'Gesetz trëtt eréischt a Kraaft, wann et am Memorial publizéiert ginn ass.

D'Erlabnis fir de privaten Ubau an de Konsum am private Raum sollen eng éischt Etapp sinn. An enger zweeter Etapp soll et eng national Produktiouns- an Handelskette ginn. Et ass weider geplangt, datt all Resident iwwer 18 Joer op 14 Plaze bis zu 30 Gramm Cannabis de Mount däerf legal kafen.