Entkriminaliséierung a besser Protektioun fir Konsumenten? Oder Ureiz ze dämpen?

© AFP (Archiv)
De Gesetzprojet fir den Ubau an de Konsum vu Cannabis am Privaten huet haart Fronten am Parlament geschaaft.
An och Dir dobausse sidd warscheinlech net all enger Meenung.
Erwuessener däerfen nom positive Vott e Mëttwoch an der Chamber jo geschwë pro Stot véier Cannabisplanzen doheem ubauen. Doheem däerf een och consomméieren – allerdéngs net a Presenz vu Mineuren. D'Strofe fir de Besëtz an de Konsum vu klenge Quantitéiten dobausse ginn iwwerdeems erof.
De Projet de loi krut e Mëttwoch an der Mëttesstonn gréng Luucht. 38 Mol Jo géint 22 Mol Nee. D'CSV ass kloer dogéint. D'ADR ass gespléckt.
Dräi ADR-Deputéierter hu mat Jo gestëmmt, de Fernand Kartheiser dogéint: "Mir droen dat hei mat, awer ouni Begeeschterung a mat ganz villen Aschränkungen."
Net ze vill staatlech Agrëffer an d'Privatsphär, dat schreift d'ADR sech op de Fändel. Gläichzäiteg géif och dëst Gesetz de Schwaarzmaart net eliminéieren an domat een Haaptzil verfeelen. D'ADR stëmmt also mat Jein. D'CSV ass mat 21 Deputéierte kloer géint dëse klengen éischte Schratt a Richtung Legaliséierung.
De Gilles Roth bezitt sech do op déi kritesch Avisen: "Vum Parquet, vun den Tribunallen, vum Staatsrot, vum Collège médical an aneren."
Der CSV no hëlt d'Kriminalitéit duerch dës Ouverturen zou. A vu Jugendschutz kéint och net rieds sinn.
"Am Géigendeel: mir ginn hei e kloert Signal un eis jonk Leit, dass et am Fong net esou wëll ass, eppes ze fëmmen."
A weider...
"Wéi soll séchergestallt ginn, dass Mineuren – an dat fannen ech dramatesch – dass Kanner net iertemlecherweis un de Cannabis knabbere ginn."
Wie stellt sécher, dass Kanner doheem net um Papp säi roude Wäin ginn, äntwert d'Justizministesch Sam Tanson sënngeméiss. Roth géint Tanson, zweet Ronn: Wéi gëtt am Privaten iwwerhaapt kontrolléiert?
"Wann eng Planz do steet an et sinn der fënnef amplaz véier, ass dann e flagrant Déli do oder net?"
Sam Tanson: "Da muss een dat jo emol nach gesinn. De Polizist weess jo dann net wéi vill Planze bei engem doheem sinn."
Dat weist, dass et de Majoritéitsparteie méi wéi soss eppes ëm en éischte Schratt geet. D'Piraten an déi Lénk stëmme mat Jo, och wa si enttäuscht sinn, dass et net méi a Richtung komplett Legaliséierung geet.
D'juristesch Schwieregkeeten och mat Bléck op d'EU wären ze grouss fir eng komplett Legaliséierung vum Cannabis. De privaten Ubau z'erlaben, hätt schonn e grousse Virdeel.
D'Sam Tanson: "Mir stelle fest, dass d'Konsumenten um Schwaarzmaart engem enorme Risiko ausgesat sinn. Och de Cannabis ass mëttlerweil dacks gestreckt, wat déi negativ Konsequenzen, déi d'Drog jo kann hunn, nach verstäerke géif. Et weess een net, wéi ee Grad vun THC de Produit huet. A virun allem kënnt e Konsument um Schwaarzmaart a Kontakt mat Kriminellen an illegale Liwwerketten."
Dat wéilt een evitéieren, ouni de Cannabis ze verharmlosen, wéi d'Rapportrice vum Gesetzprojet Josée Lorsché betount huet. Virun allem déi jonk Generatioune missten nach besser opgekläert ginn.