Monnerecher Buergermeeschter FürpassSchweich-Wiessel huet Vertrauensbasis aus de leschte Jore gestéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Causa Schweich zu Monnerech huet déi lescht Deeg héich Welle geschloen.

Den aktuellen a warscheinlech och nächsten CSV-Buergermeeschter Jeannot Fürpass stoung RTL en Donneschdeg de Moien am Journal um Radio Ried an Äntwert, nodeems seng Partei an d’DP e Mëttwoch den Owend en Avenant zu hirem Koalitiounsaccord ënnerschriwwen haten. Dat an der Suite vun dëser Affär.

Monnerecher Buergermeeschter Jeannot Fürpass am RTL-Interview

Dem Jeannot Fürpass no huet d’Christine Schweich als Spëtzekandidatin vun der LSAP och just e Mandat vun de Sozialisten. Ëmmerhi wär si kuerz no de Wale souguer fir d’LSAP a Gespréicher iwwer eng méiglech Koalitioun mat der CSV dobäi gewiescht. Iwwerraschend wär deemno hire Wiessel bei d’demokratesch Partei, nach ier d’CSV-DP-Koalitioun iwwerhaapt assermentéiert ass.

En DP-Mandat hätt si awer net, betount de Buergermeeschter.

Deen huet sech och onzefridde gewisen, dass dee Wiessel d’Vertrauensbasis aus de leschte Jore mat der DP e bësse gestéiert hätt. Och an den eegenen CSV-Reien hätt et Leit ginn, déi hiert Mandat net ugeholl hätten, wann d’Christine Schweich mat der DP an de Gemengerot komm wär, huet de Jeannot Fürpass ze bedenke ginn.

D’CSV wëll an enger Majoritéit zu aacht zesumme mat der DP schaffen, dat wär de Wielerwëlle respektéiert.

D’Christine Schweich géif jo dann awer als onofhängege Member am Gemengerot sëtzen, mä mat DP-Parteikaart.

Sollt hie mierken, dass dat net ze geréiere wär, da misst een deen Ament déi néideg Konsequenzen zéien, esou de Jeannot Fürpass nach.

Back to Top
CIM LOGO