Déi nei Verfassung trëtt a Kraaft

© Lucien Koneczny
Bestëmmt hat Dir se och schonn an der Bréifkëscht: déi nei Verfassung. Um Samschdeg trëtt dës offiziell a Kraaft.
Anescht wéi déi al Verfassung fänkt deen neien Text net méi mat der Roll vum Grand-Duc un, mee mam Staat an de Rechter a Fräiheete vun de Bierger a Biergerinnen.
D'Trennung vu Kierch a Staat ass elo och an der Verfassung verankert, esou wéi Lëtzebuergesch als offiziell Landessprooch. Doriwwer eraus d'Bestietnis fir gläichgeschlechtlech Koppelen geséchert an d'Recht, eng Famill ze grënnen. Als Staatsziler gëtt et ënnert anerem den Ëmweltschutz, esou wéi och d'Recht op eng Wunneng.
Mat der neier Verfassung geet elo eng jorelaang Diskussioun iwwer d'Moderniséierung op en Enn. Déi al Verfassung, déi zanter 1868 gegollt huet, krut nämlech ëmmer nees Adaptatiounen, ouni um Fong verännert ze ginn. Wéi de Grand-Duc Henri am Joer 2008 d'Euthanasie-Gesetz net ënnerschreiwe wollt an op en neits eng Ännerung am alen Text virgeholl gouf, ass den Debat fir eng ganz nei Verfassung lancéiert ginn. E Referendum, wéi ugangs ugekënnegt, gouf et awer net.
A 4 getrennte Gesetzer gouf dunn d'lescht Joer déi nei Verfassung vun der Chamber ugeholl.