De Präis vun den Terraine bleift d’Haaptursaach fir d’Hausse vun de Logementspräisser.

Den Terrain bleift iwwerdeems weiderhin zu engem groussen Deel an den Hänn vun e puer privaten Acteuren. Dat schreift de Fuerschungsinstitut LISER e Méindeg, deen also bei senge Constate bleift, déi e scho virun annerhallwem Joer gemaach hat.

Aus der neier Serie u Publikatioune vum Luxembourg Institute of socio-economic Research (LISER) geet ënnert anerem ervir, datt tëscht 2010 an 2021 d’Terrainspräisser däitlech méi geklomme sinn, ewéi d’Wunnengen, déi am Bau sinn. Den Terrain stellt och an der Moyenne 30 Prozent vum Gesamtpräis vu Wunnengen duer: an der Stad bal 44 Prozent an zu Clierf oder Wooltz just 20 Prozent.

Am Joer 2022 haten déi 1.000 Privatleit, déi am meeschten Terrain besëtzen, méi ewéi 40 Prozent vum Bauland a privater Hand. Déi 10 gréisst Gesellschaften a Gruppen am Immobiliëberäich hunn 48 Prozent vun den Terrainen, déi vu Societéite gehale ginn.