Concernéiert si genee eng Dosen Gemengen.
Do stounge se do an hirem feinsten Zwier. Bei den Damme goung et vu Räck iwwer Tailleur a Boxe-Costume an de Faarwe Schwaarz, Blo, Rout oder gemustert, Blanc cassé a Giel. Vill vun hinne mat frëschem Brushing. D’Häre ware meeschtens klassesch ugedoen am bloen oder groe Costume, mat oder ouni Krawatt, zwee ware gemittlech an der Jeansbox komm, passend awer zum Paltong.
Éier et lass goung, kruten d’Politiker d’Prozedur erkläert. Den Eed gëtt virgelies. Si soen zwee “Je le jure”. Dono gëtt den Eed op franséisch virgelies an d’Dokument ënnerschriwwen. Tëscht dem Eed an der Signature ass eng Foto mat der Inneministesch. Fir dass alles seng Uerdnung huet, si Marken um Tapis-Plein, fir dass Buergermeeschter a Schäffe wëssen, wou se sech an hire rietse Fouss solle placéieren.
D’Vertrieder vu Biekerech waren iwwermotivéiert. Se ware schonn ënnerwee fir den Eed a goufen zeréckgepaff, well d’Ministesch nach eng Begréissungsried zum Beschte ginn huet.
Mir hunn eis zwee Gemengepolitiker erausgepickt.
Den neie Leidelenger Buergermeeschter Lou Linster, dee mat senger DP-apparentéierter Biergerlëscht d’Wieler iwwerzeegt krut.
“Et ass ee frou, dass een um Zil ass. Et huet ee laang op dat Zil higeschafft. Et ass ee frou, dass een d’Vertraue krut an elo ass ee motivéiert fir unzefänken.”
Eng vun den éischte Prioritéiten zu Leideleng gëtt de “Shared space”
Zu Lëntgen mécht d’Biergerlëscht “Engagéiert Bierger” eng Koalitioun mat der DP, esou dass de Louis Pinto neie Buergermeeschter gëtt. Lëntgen huet bei dëse Walen eng éischte Kéier am Proporzsystem gewielt. De Buergermeeschter Henri Wurth ass no 30 Joer an déi politesch Pensioun gaangen. Den neie Gemengepapp Louis Pinto setzt op nei Akzenter an der Kontinuitéit.
“Dat mécht et méi flott, well mir hunn eng gutt Equipe. Mir hu Projeten, déi mir um Lafen hunn an déi maache mir och fäerdeg. Mir hunn awer och nei Projeten, wat fir d’Zukunft gutt ass.”
Do steet virop de Projet Houbierg mat iwwer 40 Haiser, wou de PAP elo lancéiert gëtt
Am Inneministère gi se sech an den nächsten Deeg weider d’Klensch an de Grapp, fir vereedegt ze ginn. Um Dënschdeg ass et u weider 11 Gemengen. Dem Gesetz no musse bis September all d’Gemenge mat hire Buergermeeschter a Schäffen am Inneministère drukomm sinn. D’Conseillere ginn an hirer Gemeng vereedegt.
Et war iwweregens eng éischte Kéier um neien Eed, deem op d’Verfassung an net méi op de Grand-Duc.
Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins (03.07.2023)
Communiqué par : ministère de l’Intérieur
Le 3 juillet 2023, la ministre de l’Intérieur, Taina Bofferding, a procédé à l’assermentation des collèges des bourgmestre et échevins des communes de Beckerich, Dippach, Dudelange, Leudelange, Lintgen, Mamer, Manternach, Mondorf-les-Bains, Nommern, Reckange-sur-Mess, Reisdorf et Wormeldange.
À 14 heures, 12 bourgmestres et 27 échevines et échevins ont prêté, entre les mains de Taina Bofferding, ministre de l’Intérieur, le nouveau serment prescrit par l’article 6 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988 dont la formule est la suivante: «Je jure d’observer la Constitution et les lois et de remplir ma fonction avec intégrité, exactitude et impartialité», à savoir:
pour la commune de Beckerich:
Thierry Lagoda, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Claude Loutsch, nommé aux fonctions d’échevin;
Patrick Wampach, nommé aux fonctions d’échevin.
pour la commune de Dippach:
Manon Bei-Roller, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Luc Emering, nommé aux fonctions d’échevin;
Philippe Meyers, nommé aux fonctions d’échevin.
pour la Ville de Dudelange:
Dan Biancalana, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Loris Spina, nommé aux fonctions d’échevin;
Josiane Di Bartolomeo-Ries, nommée aux fonctions d’échevine;
René Manderscheid, nommé aux fonctions d’échevin;
Claudia Dall’Agnol, nommée aux fonctions d’échevine.
pour la commune de Leudelange:
Lou Linster, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Vanessa Baldassarri ép. Demoling, nommée aux fonctions d’échevine;
Jean-Pierre Roemen, nommé aux fonctions d’échevin.
pour la commune de Lintgen:
Louis Pinto, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Jeff Herr, nommé aux fonctions d’échevin;
Jeannot Toisul, nommé aux fonctions d’échevin.
pour la commune de Mamer:
Gilles Roth, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Roger Negri, nommé aux fonctions d’échevin;
Luc Feller, nommé aux fonctions d’échevin;
Francine Closener, nommée aux fonctions d’échevine.
pour la commune de Manternach:
Jean-Pierre Pol Hoffmann, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Claude Theisen, nommé aux fonctions d’échevin;
Alix Marie Michèle Ungeheuer ép. Klein, nommée aux fonctions d’échevine.
pour la commune de Mondorf-les-Bains:
Steve Reckel, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Claude Schommer, nommé aux fonctions d’échevin;
Tessy Altmann, nommée aux fonctions d’échevine.
pour la commune de Nommern:
Sophie Claire Diderrich, nommée aux fonctions de bourgmestre;
Ariane Toepfer, nommée aux fonctions d’échevine;
Nicolas Harry Decker, nommé aux fonctions d’échevin.
pour la commune de Reckange-sur-Mess:
Carlo Muller, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Christian Tolksdorf, nommé aux fonctions d’échevin;
Marc Ludwig, nommé aux fonctions d’échevin.
pour la commune de Reisdorf:
Jean-Pierre Schiltz, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Anouk Hientgen ép. Sauber, nommée aux fonctions d’échevine;
Sonia Patricia Marques de Oliveira, nommée aux fonctions d’échevine.
pour la commune de Wormeldange:
Max Hengel, nommé aux fonctions de bourgmestre;
Claude Pundel, nommé aux fonctions d’échevin;
Mathis Ast, nommé aux fonctions d’échevin.