Verdächteg Substanz zu Rouspert keng "Gefor fir d'Gesondheet"

© Domingos Oliveira
Zu Rouspert goufen eng 70 Persounen, dorënner gréisstendeels Kanner, aus Sécherheetsgrënn isoléiert.
Wéi d'Buergermeeschter Stéphanie Weydert en Dënschdeg de Moie confirméiert, wier d'Substanz, déi mat an eng Betreiungsstruktur bruecht gouf, enger Analys no als "net geféierlech" agestuuft ginn. Op Nofro vun RTL konnt d'Police en Dënschdeg de Moien nach net confirméieren, ëm wéi eng Substanz et sech gehandelt huet.
Och d'Dokter Anne Vergison vun der Direction de la Santé gëtt en Dënschdeg den Owend Entwarnung. "C'est une substance à priori chimique, mais sans danger pour la santé. Il y a éventuellement des analyses complémentaires qui doivent encore être realisées, pour s'assurer exactement de la nature de la substance. Mais on a des premières analyses qui nous permettent d'être sûre qu'on a pas de risques pour les enfants et les adultes qui étaient présent."
E Méindeg den Owend gouf et zu Rouspert e gréisseren Asaz vum CGDIS an der Police: Wéi d'Police matdeelt, goufen an engem Bus mat Kanner 2-3 Titercher mat enger verdächteger Substanz fonnt. Dës Titercher goufe mat erageholl an d'Betreiungsstruktur. D'Tute waren zou, wéi se fonnt gi sinn.
Verdächteg Substanz als "net geféierlech" agestuuft
Bei enger hallef Dose Leit gouf et de Verdacht, datt si mat den Titercher a Kontakt waren a sinn an der Suite dekontaminéiert ginn. Géint 20.30 Auer e Méindeg den Owend huet d'Situatioun sech lues a lues opgeléist an déi éischt Kanner hunn nees dierfen heemgoen.
No ronn zwou Stonne konnt Entwarnung gi ginn an d'Kanner konnten d'Quarantän no an no nees verloossen. Wéi d'Substanz an de Bus koum, wäert eng Enquête vun der Police weisen, esou d'Stéphanie Weydert weider.
Wéi e Papp vun engem Kand eis géigeniwwer confirméiert huet, wier säi Jong eréischt no dräi Stonne Waarden aus dem Gebai zu Rouspert erauskomm.
Am Asaz waren am Ganze ronn 50 Pompjeeën, dorënner Ekippe vum CIS Rouspert, CIS Iechternach, de GIS NRBC, zwee Rettungsween vu Mäertert an Iechternach, sou wéi ee Samu.