"Bomm" war just Metallschrott, Asaz zu Bouneweg ass eriwwer

© Mobile Reporter / RTL
Wéi d'Police eis confirméiert hat, war de Service Deminage op der Plaz, dat beim Stade Camille Polfer zu Bouneweg, dat well et e Bomme-Verdacht gouf.
Weider hat d'Police RTL géigeniwwer confirméiert, dass d'Stroossen Rue Nicolas Martha, sou wéi d'Rue Jean François Gangler a Rue Demy Schlechter gespaart waren. Dës sinn awer elo nees fir den Trafic op.
Well eng Crèche an der Géigend vum Chantier ass, huet dës misse geraumt ginn, fir d'Kanner an d'Personal net a Gefor ze bréngen. Wéi d'Police matdeelt hat, ass de Chantier, bei deem den Asaz war, direkt beim oder am Stadion.
Wéi d'Police matdeelt, soll et sech bei der Entdeckung awer just ëm Metallschrott handelen. Hei kéint et sech eventuell souguer ëm Iwwerreschter vun enger aler zerstéierter Granat handelen, ma confirméiere kann een dat awer net.

© Mobile Reporter / RTL