Bau vum Vëlodrom zu Munneref unanime gestëmmt
En Donneschdeg gouf an der Chamber d'Finanzéierungsgesetz fir de Bau vum Vëlodrom, de Projet 7956, gestëmmt. An dat à l'Unanimité.
De Wee ass also fräi, fir datt dee kann zu Munneref gebaut ginn. An domadder geet eng joerzéngtelaang Geschicht och endlech op een Enn.
A ronn 8.000 Deeg gouf och schonn iwwer een neie Vëlodrom geschwat. Rapporteur vum Projet war de Mars Di Bartolomeo. Den LSAP-Deputéierten ass erliichtert, datt elo ka gebaut ginn, hien huet awer och un eng verpasste Chance erënnert.
"Dat ass, datt dee grousse Sportzentrum mat nationalem Futtballterrain, mat nationaler Liichtathletikstruktur an dem Vëlodrom, datt de Projet Kockelarena net gebaut gouf."
Nieft dem Projet Kockelarena war awer och schonn zu Zéisseng ee Site fonnt gi fir ee Vëlodrom. Dee Projet gouf ëmmer méi deier an hätt 2009 eng 15 Millioune kascht. En Donneschdeg gouf de Projet fir ronn 54,5 Milliounen Euro gestëmmt.
2010 huet den deemolege Sportminister Romain Schneider een Appell lancéiert, fir iwwerhaapt emol ee Site zu Lëtzebuerg ze fanne fir de Vëlodrom. Als eenzeg Gemeng huet sech deemools Munneref gemellt. Den aktuelle Buergermeeschter aus der Thermalstad Steve Reckel ass frou, datt de Vëlodrom elo Realitéit gëtt.
"Et heescht fir eis Gemeng, datt mir laang gewaart hunn. Wärend 5 Joer un engem Projet geschafft hunn, deen dann elo haut endlech Realitéit gëtt. Wann dat Gebai bis do steet, ännert dat ganz vill fir eis Gemeng. Mir wäerten do net nëmme regional, mee och international ee ganz anert Gesiicht kréien."
Dräi Sportministeren hu konkret um Projet Vëlodrom zu Munneref geschafft: de Romain Schneider, den Dan Kersch an elo de Georges Engel. De Leschtgenannte wollt sech en Donneschdeg net kloer festleeën, wéini déi éischt Ronnen op der 250 Meter laanger Bunn kënne gedréit ginn.
"Et ass ëmmer schwéier een Delai auszeschwätzen. Ech soen awer elo ganz virsiichteg, datt hien a 4 bis 5 Joer do ka stoen."
De Spuedestéch ass elo fir den Hierscht geplangt.