Campagne ronderëm de Cannabis-Konsum
Et huet laang gedauert an et gouf kontrovers diskutéiert. Virun enger gudder Woch awer gouf et du gréng Luucht an der Chamber.
Geschwënn sinn den Ubau an de Konsum vu Cannabis am Privaten erlaabt.
Nach ass d'Gesetz net a Kraaft. Et handelt sech ëm en éischte Schratt um Wee bei d'Legaliséierung. Et ass also nach Zäit fir sech drop virzebereeden, wat dann an Zukunft legal ass a wat een vermeide muss.
Erwuessener, an och nëmmen déi, däerfen selwer Cannabis doheem ubauen. Maximal véier Planzen pro Stot.
De Som, respektiv d'Käre fir Cannabisplanzen unzebauen, kann een op spezialiséierten Internetsitte bestellen, aus Länner ewéi Holland a Spuenien. Den Import ass legal. A beim Wierkstoff, dem THC-Gehalt, gëtt et keng Limitten.
Et däerf een dobannen an dobaussen ubauen. Et muss ee just sécherstellen, dass een d'Planze vu baussen net gesäit.
Fir rekreative Cannabis dierfen ze fëmmen, muss een op d'mannst 18 Joer al sinn. Op kee Fall dierf a Presenz vu Mannerjäregen gedämpt ginn.
De Konsum ass just an den eegene véier Wänn erlaabt an d'Recolte ass just fir den Eegekonsum. Den Transport an den ëffentleche Konsum bleiwe ganz verbueden.
D'Strof wann ee mat enger klenger Quantitéit erwëscht gëtt, geet awer erof. Sinn et manner ewéi 3 Gramm, kritt een e Pretekoll vun 145 Euro. Bei iwwer 3 Gramm gëtt de Parquet informéiert.
D'Intentioun vun der Regierung wier et, de Cannabis aus dem kriminellen Milieu erauszekréien an de Risk fir Konsumenten ze reduzéieren. Et geet net drëms, Persounen z‘encouragéieren ze dämpen, dat beweist och den Engagement vum Sucht-Preventiounszenter an dëser Saach.
Et gëtt eng ganz Campagne ronderëm de Cannabis-Konsum. Ënnert anerem e Flyer mat verschiddene QR-Code mat Lien op zum Beispill Änwerten op d'Fro, ob Cannabis süchteg mécht.