Keng Limitt beim THC-Gehalt, dat aus guddem Grond

© Didier Weber (RTL)
Nodeems dat neit Gesetz iwwert de privaten Ubau a Konsum vu Cannabis e Mëttwoch gestëmmt gouf, hu mir mat der Justizministerin Sam Tanson geschwat.
Kloer ass mat dësem Text: Et däerf ee 4 Planzen doheem hunn, dat ass och d’Richtlinn, un déi ee sech beim neie Gesetz géif halen, esou d'Justizministerin Sam Tanson. Et gëtt och weder eng Bestëmmung iwwert d’Gréisst vun de Planzen, nach iwwert d’Quantitéit vum Ertrag. Et dierf ee just den Ertrag vu de 4 Planze consomméieren a fir sech halen, soss gëtt et keng Limitt, weder bei der Quantitéit vu Cannabis, nach beim THC-Gehalt, op dee mer nach méi spéit ze schwätze kommen.
Beim Theema Ertrag ënnersträicht d’Justizministerin Sam Tanson nämlech, dass all Planz individuell ass an een net onbedéngt weess, wéi grouss oder wéi kleng déi eenzel Planz gëtt. Ma well een awer am strofrechtleche Beräich ass, wou ee ganz präzis bei sou Saache wéi Quantitéite muss sinn, wollt ee keng Onkloerheete bei der Kontroll opkomme loossen, sou dass 4 Planze schlussendlech als Limitt fir den Text festgehale goufen an net eng Limitt beim Ertrag vun de Planzen oder souguer bei der Potenz. Wichteg hei z'ënnersträichen ass, dass Kanner a Jugendlecher ënner 18 Joer net a Kontakt mat de Planze solle kommen an dass och de Konsum bei Mineuren ausdrécklech verbueden ass, och doheem an de 4 Wänn.
Wéi kontrolléiert d’Police iwwerhaapt, ob ee méi wéi 4 Planzen hält?
Generell kann ee soen, dass Kontrolle selwer net anescht oflafen, wéi dat virum Gesetz de Fall war, wou jo guer keng Planz erlaabt war. Et ginn dohier och elo zwou Prozeduren, wéini bei engem doheem kontrolléiert gëtt: den Untersuchungsriichter ordonéiert am Kader vun engem Verdacht eng Kontroll. Dat trëfft zum Beispill zou, wann ee mat enger gréisserer Quantitéit Cannabis ugehale gëtt. Do wier dann e begrënnte Verdacht, dass Commerce domadder bedriwwe gëtt, sou dass een dann dierft bei een Heem kontrolléiere goen.
Deen 2. Fall wier de "Flagrant délit", also wann d’Police géif schelle kommen, wéinst enger Rouestéierung beispillsweis, an dobäi géifen d'Beamten déi ze héich Unzuel Planzen an der Wunneng, respektiv am Gaart entdecken. An deem Fall dierft d’Police och méi genee kontrolléieren. Et ännert sech also näischt un der Situatioun vun de Kontrollen. Eenzegen Ënnerscheed ass, dass een eben elo mam neien Text 4 Planzen dierf besëtzen amplaz vu guer kenger Planz.

© NICOLAS GARCIA AFP
Wéi gesäit et mam THC-Gehalt aus, wéi staark dierfen d'Bléie sinn?
Hei ass keng Restriktioun virgesinn, och wann et am Virfeld vum Ausschaffe vum Gesetz heizou vill Diskussioune gouf. Schlussendlech ass awer dovunner ofgerode ginn, fir eng Limitatioun vum THC-Gehalt bei de Bléien am Gesetz festzesetzen. Grond ass, dass d’Regierung kloer wëll, dass d’Leit vum Schwaarzmaart fortkommen. Virun allem Leit, déi e Suchtverhalen entwéckelt hunn, géife soss Gefor lafen, um Schwaarzmaart dann dee Cannabis mat deem méi héijen THC-Gehalt nees kafen ze goen, well d'Gesetz eben dann eng Limitatioun bei der Stäerkt vun de Bléie géif festsetzen. D'Justizministerin Sam Tanson: "Et gëtt ebe Leit déi e Suchtproblem haut schonn hunn. A mir wéilten awer och evitéieren, dass déi Leit trotzdeem nach op de Schwaarzmaart zeréckgräifen, well se méi en héijen THC-Wäert gären hätten oder brauchen."
Planzen dierfe just aus Som geziicht ginn, net aus Stecklingen
Den Etiquetage vun de Somkäre muss gereegelt sinn (Unzuel, Zorte) an et muss och e Gesondheetshiweis drop sinn, deen ugëtt, dass d’Fëmme vu Cannabis e schiedlechen Impakt kann hunn, änlech wéi bei den Zigaretten. An enger éischter Etapp dierf een d’Planze just aus Som ziichten, also net aus sougenannte Stecklingen. Stecklinge gi vun der Mammeplanz gewonnen a kënnen direkt an de Buedem gesat ginn. Dëst hätt de Virdeel, dass den Ubau méi sécher a virun allem méi séier iwwert d'Bün geet. Ma elo wéilt een awer mol den Impakt vun deem Ganzen observéieren an dohier wier och just d’Ziichten aus Som erlaabt. Esou kéint een de Verlaf elo mol an enger 1. Phas observéieren an eventuell zu engem spéideren Zäitpunkt eenzel Punkten upassen.

© WLADIMIR BULGAR/SCIENCE PHOTO LI WBUScience Photo Library via AFP
Wéi gesäit et mat de Strofen aus?
D’Strofe si ganz variabel an hänken dovunner of, géint wat ee präzis verstéisst. Ganz generell kann ee soen, dass een exklusiv just bei sech doheem dierf consomméieren. Verbueden ass et deemno dobaussen ze consomméieren, dat ouni Ausnam: "Wat jo lo méiglech gëtt duerch deen neien Text, dat ass, dass een exklusiv bei sech selwer doheem consomméiert. Et dierf een net dobaussen op der Strooss oder am Park consomméieren. T'ass wierklech geduecht, fir dat, wat am Private bei sech doheem ofleeft."
Gëtt een dobaussen mat ënner 3 Gramm Cannabis erwëscht, muss ee mat engem Protokoll vun 145 Euro rechnen, also en Avertissement taxé. De Cannabis kritt een an deem Fall och ofgeholl. Wann dat net kann direkt sur place bezuelt ginn, geet d’Strof souguer op bis zu 500 Euro erop - dëst wier och de Fall, wann ee sech net géif un déi maximal 4 Planzen halen, déi een dierf doheem pro Haushalt hunn. Jee nodeem, op ee méi dobäi huet, ee beim Verkaf erwëscht gëtt oder Mineuren am Spill sinn, falen d’Strofen däitlech méi héich aus: bis zu 250.000 Euro, respektiv Prisongsstrofe vu bis zu 5 Joer. Verbueden ass et och, engem eppes doheem ze verkafen oder och nëmmen ze schenken. Den Ertrag vum Ubau ass ausschliisslech fir déi Persoun geduecht, déi ubaut, betount d'Sam Tanson.
Dass dat schlussendlech dann awer extrem schwéier ze kontrolléieren ass, ass der Justizminsiterin kloer: "Et geet jo net drëm, alles bis an de leschten Detail ze kontrolléieren, et geet jo net drëms, dass d’Police bei jiddwereen heem kucke geet. Et geet drëm, e Kader ze setzen, wou mer soen, 'et gëtt elo verschidde Méiglechkeeten', mä dat soll doheem oflafen an et ass net geduecht fir Commerce ze bedreiwen an et u Leit ze verkafen a scho guer net, et u Mineure weiderzeginn."
Et kënnt ee beim Cannabis aus enger repressiver Logik, wou dat Ganzt awer och manner streng schonn an de leschte Jore gehandhaabt gouf, wéi dat bei aneren Drogen de Fall ass. Et dierft een awer elo net eng Partie Etappen iwwersprangen, esou d'Justizministesch: "D'Leit kënnen doheem bei sech an engem reng perséinleche Kader ubauen a consomméieren a si sollen dat net mat ronderëm transportéieren. Et ass evident, dass wann déi 2. Phas kënnt, wou ee jo kann eppes op enger Plaz dobausse kafen, dass mer dann nach eng Kéier mussen den Text upassen, mat spezifesche Reegelen, wéi dann de Cannabis kann transportéiert ginn."
Hei stelle sech nämlech eng ganz Partie Froen, déi misste gekläert ginn, zum Beispill wéi vill Gramm een dierf bei sech hunn a wéi ee kann erausfannen, wéini ee wéi vill Gramm Cannabis wou kaf huet an op dat, wat een bei sech huet, och effektiv dee Cannabis ass, dee kontrolléiert verkaaft gouf. Dëst gëtt dann den Challenge fir déi nächst Regierung.
Kloer ass, et wäerten ëmmer Restriktioune ginn, et wäert een ni kënnen esou vill Cannabis dierfe mat sech droe wéi ee wëll, och an enger 2. Phas net, dat steet fest.

© AFP
Cannabis-Ubau verstoppen oder net?
Am Gesetz steet dran, dass een d’Planzen net dierft vu bausse (voie publique) gesinn, also weder am Haus, nach am Gaart. Dëst ass och de Fall fir den Noper. Och deen dierf vu sengem Grondstéck aus keng Siicht op d’Planzen, laut Gesetz, hunn. Dëst ass virun allem fir déi Mannerjäreg ze protegéieren, dass déi net op d’Iddi kommen, eventuell eppes ze plécken. E Schutz ronderëm, fir dass et net visibel ass, wier awer ok.
D’Loi pénale la plus douce
Stécht eng Persoun an enger strofrechtlecher Prozedur, fir eng Dot, déi awer mam neien Text net méi strofrechtlech wier, gëtt ëmmer no deem Gesetz gekuckt, dat am favorabelste fir de Bierger ass. An dësem Fall géif dat neit Gesetz applizéiert ginn an net dat aalt. Eppes, dat iwwregens als eng generell Richtlinn an der Justiz applizéiert gëtt.