Mir geheien e Bléck an d’Geschicht an an d’Zukunft vun der "LGBTQ+"-Communautéit zu Lëtzebuerg.

De leschte Sonndeg ass d’Luxembourg Pride Week op en Enn gaangen. En Event, dat scho 1999 an d’Liewe geruff ginn ass – deemools nach ënnert dem Numm "Gay Mat". Zanterhier huet sech vill gedoen.

Zanter Mëtt Mee fënnt een an der Stad de Rainbow Center. E sougenannte "Safe Space", e Raum fräi vun Diskriminéierungen, fir déi queer Communautéit vu Lëtzebuerg – zu där och de Joël Seiller gehéiert. Hien ass bekannt aus der Konscht- a Kulturzeen a kënnt reegelméisseg als Chroniker an d’Kultursendung "No Art on Air". Am Interview mat eis schwätzt hie fir d’éischte Kéier ëffentlech iwwert seng Erfarungen als schwule Mann zu Lëtzebuerg. Am Rainbow Center erzielt hien eis, wéi wichteg et wier, dass d’Stad nees esou en Treffpunkt hätt: "Interessanterweis gëtt et dat néierens méi am Land, e Centre de Rencontre fir d’Community. Dat ware fréier – ech schwätze vun den 80er an 90er Joren – dat ware Caféen, Baren, Diskothéiken deelweis. An déi sinn net méi do."

Dass ee sech mat aneren austausche kann, wier immens wichteg fir déi Betraffen. "Dat Gefill 'du bass net eleng' (...) dat gëtt immens Kraaft", erzielt de Joël, "dat hunn ech, wéi ech jonk war, och erlieft, dass du op eemol mierks 'ah du bass awer net deen Eenzegen op der Welt, deen esou ass'."

RTL

© RTL

An dass et ok ass anescht ze sinn – dee Message wëll d’Tatta Tom hirem jonke Publikum méi nobréngen. Zanter ronn 5 Joer spillt de President vu Rosa Lëtzebuerg Tom Hecker d’Roll vun der Tatta Tom, a kläert Kanner op eng fantasievoll Manéier iwwer d’Thema LGBTQ+ op. Hie liest Geschichte vir, ugepasst un d’Thematik, fir méi Versteesdemech an Toleranz fir Diversitéit ze vermëttelen. "D'Kanner si begeeschtert", esou den Tom, "Kanner jugéieren net a genéissen einfach dee Moment, vun engem flotte Personnage eng flott Geschicht virgelies ze kréien". Obschonn Homosexualitéit mëttlerweil an der Gesellschaft ukomm wier, hätten aner Membere vun der "LGBTQ+"-Communautéit et nach ëmmer schwéier – besonnesch transgender Persounen.

Am Rainbow Center solle sech ALL d’Persoune vum Spektrum wuel a sécher spieren, esou d’Chargée de Direction Sandra Laborier. Mat hirem Programm géif een dofir och versichen, op déi verschidde Besoine vun de jeeweilege Gruppen anzegoen. Ausstellungen, Liesungen, Performancen an aner Evenementer ginn hei organiséiert.

RTL

© RTL

De Rainbow Center, respektiv Rosa Lëtzebuerg, erfëllt awer nach eng weider wichteg Aufgab. Hei fënnt een nämlech dat fonkelneit Archiv, dat den Andy Maar aktuell op d’Been stellt. Zanter puer Woche sammelt hie Material, fir déi queer Zäitgeschicht vu Lëtzebuerg ze dokumentéieren: Plakater, Fotoen, Artikelen, oder och Anekdote vu fréier vu Memberen aus der Communautéit.

"Mir kennen eng Geschicht, wou eng Persoun an engem Restaurant geschafft huet.", erkläert den Andy Maar. "A wann ee rausfanne wollt, ob eng aner Persoun och schwul war, ass hie bei e gaangen an huet beim Paltong eng Kéier gesot ‘entschëllegt, Dir hutt do eppes’. A jee nodeem wéi den anere reagéiert huet, huet ee gewosst, dass een eng Affinitéit zoueneen huet.”

D’Leit hu sech iwwert aner Weeër kennegeléiert. An der Ëffentlechkeet war Homosexualitéit nämlech ganz laang en Tabuthema. Réischt an den 80er a virun allem an de 90er Jore gouf méi driwwer geschwat. Ma och méi wäit an der Vergaangenheet géif et Spuere ginn. Sou hätt een zum Beispill an Zesummenaarbecht mam Escher Resistenzmusée Persounen identifizéiert, déi wéinst hirer Homosexualitéit a Konzentratiounslager komm sinn, esou den Andy Maar: "Dat ass wichteg fir Rosa Lëtzebuerg, fir d’Gedenken oprechtzeerhalen."

De Joël hofft iwwerdeems, dass et iergendwann zur Normalitéit gëtt, net heterosexuell ze sinn. An dass esou Plaze wéi e Rainbow Center guer net méi gebraucht ginn. Lëtzebuerg wier zwar haut vill méi oppe wéi fréier, ma hien erënnert sech nach gutt drun, wéi et deemools war, schwul ze sinn.

“Deemools krus de nach bësse méi bizare Froe gestallt, sou am Sënn 'wanns de mat engem zesumme bass, wien ass dann de Mann a wien ass d’Fra?’. Haut kënnt engem déi Fro idiotesch vir. Mä dass een Händche gehalen huet an der Ëffentlechkeet... Et huet een der gesi, mä se ware ganz rar. Et waren oft Touristen, am Summer huet een der heiansdo begéint. Mä Leit hei aus der Stad, wou s du et ganz kloer wousst, déi hunn dat net gemaach."

Haut kéint hien duerch d’Stroosse goen, ouni domm ugemaach ze ginn, esou de Joël. Ma den Dag, wou et als normal ugesi gëtt, schwul ze sinn, géif hie warscheinlech net méi erliewen.