Bannent der leschter Woch gouf et eng liicht Hausse vun den Otemweesinfektiounen.

Vill Leit sinn de Moment krank. D'Fäll vu Covid a vun der Gripp sinn den offiziellen Zuelen no liicht eropgaangen, zirkuléieren awer op nidderegem Niveau.

Tëscht dem 6. an 12. Oktober goufen 293 Corona-Infektioune registréiert, 32 méi wéi d'Woch virdrun. An de Kläranlage geet d'Konzentratioun vum Virus awer erof.

Bei der Gripp goufen 22 Fäll festgestallt, d'Woch virdru waren et der 12.

An der Woch 41 goufen iwwerdeems 10 Infektioune mam RS-Virus festgestallt.