Aus deem Grond mécht de President vum Bezierksgeriicht an der Stad, en Tirage au sort.

Nodeems bis e Mëttwoch den Owend sämtlech Lëschte fir d’Chamberwalen hu mussen deposéiert ginn, goufen en Donneschdeg de Moien d’Lëschtennummere verginn, fir déi Parteien, déi net bei de Gemengewalen derbäi waren.

Déi Parteien, déi jo scho fir d'Gemengewalen eng Lëschtennummer kruten, behalen dës Nummer. *Eenzeg Ausnam ass hei "Mir d'Vollek", déi jo net bei de Chamberwalen deelhuelen, sou dass d'Lëscht Nummer 8 an deem Fall eidel bleift. D'Lëschtennummere vun 1 bis 9 gesinn also entspriechend esou aus:

Liste 1 – LSAP
Liste 2 – DP-Demokratesch Partei
Liste 3 – déi gréng
Liste 4 – CSV
Liste 5 – déi Lénk
Liste 6 – ADR
Liste 7 – PIRATEN
Liste 8 *
Liste 9 – FOKUS.

Méi interessant waren dann déi 4 Parteien, déi nach keng Lëschtennummer haten, well se net bei de Gemengewalen deel geholl hunn. Déi paneuropäesch Partei Volt kritt d‘Nummer 10. Déi Kommunistesch Partei (KPL) d'Nummer 11. Liberté-Fräiheet vum Roy Reding kritt d'Nummer 12 an d'Nummer 13 geet un déi Konservativ Fräiheetspartei.

D‘Stëmmziedele ginn also den 8. Oktober relativ grouss. Am Norden zum Beispill, sinn et 10 Parteien, am Osten 11. Aus den aneren 2 Walbezierker leien eis d’Lëschten nach net vir.

Gezu goufen d'Lëschtennummeren iwwregens vum Pierre Calmes, dem President vum Bezierksgeriicht an der Stad.