D‘WHO setzt déi nei Corona-Variant EG.5 ënner Observatioun. Wat heescht dat konkret? A wéi gesäit déi aktuell Corona-Situatioun aus?

Och wann de Coronavirus u Visibilitéit verluer huet a kaum nach eng Roll spillt, entwéckelt sech de Virus weider. Aktuell steet d‘Variant EG.5 – och Eris genannt – am Fokus. D‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) stuuft dës d‘lescht Woch an d‘Kategorie “Virusvariant vun Interessi“. E Grond zur Suerg géif et kee ginn. Aktuell stinn nämlech 3 Varianten ënner Observatioun. Déi an Europa an um amerikanesche Kontinent staark verbreeten XBB.1.5-Variant, déi asiatesch XBB.1.16, genau ewéi EG.5. De Grond fir den Interessi ass, well Rapporte weisen, datt de Virus sech séier weltwäit verbreet an a ville Länner méi heefeg nogewise gëtt ewéi aner Varianten. Bis ewell gouf d‘“Eris“ op d‘mannst 7.000 mol an 51 Länner nogewisen, esou Dr. Maria Van Kerkhove, vun der WHO: „Mir gesinn awer kee Changement zu wéi aggressiv den EG.5 Virus ass par rapport zu den anere Variante vun Amikorn, déi zanter Enn 2021 ënnerwee sinn.“

E Grond zur Suerg gëtt et dem Direkter vun der Santé, dem Dr Jean-Claude Schmit net: „Symptomer sinn am allgemenge éischter guttaarteg. D‘Leit hu Schnapp, Halswéi, Kappwéi, vläicht e bësse Féiwer. Domat huet et sech awer. Schwéier Verleef ginn et mat de Varianten, déi ënnerwee sinn eigentlech net méi.“

Datt de Virus sech ëmmer weider mutéiert, wier normal an net iwwerraschend.

Wéi geschützt ass d‘Populatioun virun neie Varianten?

Experten um Terrain ginn dovunner aus, datt d‘Populatioun och géint déi nei Corona-Variante geschützt sinn.Duerch déi kontinuéierlech Expositioun zu neie Variante gëtt ëmmer nees eng nei Immunitéit geschaaft, respektiv bleift déi an der Populatioun erhalen,“ erkläert den Dr. Schmit.

Déi amerikanesch Gesondheetsorganisatioun geet iwwerdeems dovunner aus, datt am Hierscht och nei, aktualiséiert, Impfstoffer op de Marché kommen.

Wéi ass déi aktuell Corona-Situatioun?

D‘Corona-Situatioun den Ament léisst sech just ganz schwéier erfaassen. Aktuell gi vu Säite vun der WHO zu Genf keng genau Statistiken zu den Doudesfäll a Connectioun mat Covid-19 gefouert. Zanter datt d‘WHO de globale Gesondheetsnoutstand fir eriwwer erkläert huet, wier d‘Zuel un Infektiounen awer nach weider erofgaangen, esou de WHO-Chef Tedros Adhanom Ghebreyesus. Generell ginn et manner Statistiken, och zu Lëtzebuerg. D‘Situatioun gëtt awer weider iwwerwaacht, esou den Direkter vun der Santé: D‘Laboratoiren hunn nach d‘Obligatioun, positiv Tester ze mellen. Dat sinn eng Handvoll den Dag. Mir hunn nach Leit, déi hospitaliséiert sinn. Awer meeschtens aus anere Grënn an da gëtt zoufälleg detektéiert, datt se Covid dobäi hunn. Dat selwecht gëllt bei den Doudesfäll. Et läit kee Patient méi wéinst Covid am Spidol.

Zanter Juli hu weltwäit just nach e Véierel vun alle Länner d‘Doudeszuelen un d‘WHO geliwwert. Souguer nëmmen 11 Prozent Zuelen zu Persoune mat schwéiere Verleef. Lëtzebuerg liwwert och keng Zuele méi.

Seng Zuelen iwwert d'Infektiounssituatioun zu Lëtzebuerg zitt d‘Santé aus den Donnéeë vum Ofwaasser, erkläert den Dr Schmit. Hei hätt een déi lescht Wochen och keen neie Peak duerch d‘Variant EG.5 detektéiert.