Hiert Objektiv ass et weider Drock op d'Politik ze maachen, fir Solutiounen am Logement ze fannen.

Bis ewell wier awer nach net vill geschitt, d‘Urgence wier just méi grouss ginn, sou déi Lénk. 
Bis zu 20.000 Wunnenge stinn hei am Land eidel, Grënn dofir si verschidden. Obschonn de Logementsproblem schonn zanter Joren ee wichtege Sujet am Grand-Duché ass, gëtt d‘Situatioun just nach méi schlëmm, sou den Gary Diderich, Porte-parole vun déi Lénk.

"D‘Leit sinn ëmmer méi an der Nout, Jonker, Familljen, déi si vun enger Woch op déi aner op der Strooss a wa se sech bis bei mir mellen, dann hu se scho ganz vill aneres probéiert an do gëtt et wierklech vu Woch zu Woch méi schlëmm, vu Mount zu Mount.“

D‘Regierung géing den Ament nach jiddereen d'nämmlecht taxéieren, egal wéi vill eidel Wunnraim de Proprietär besëtzt. Dat ass dem Gary Diderich een Dar am An.

"Et kann jo net sinn, een, deen 50 Terrainen oder 50 Wunnengen eidel stoen huet, dee muss och deementspriechend méi a méi a méi, all Kéiers, wat ee méi huet, och méi taxéiert ginn, fir dass een déi Spekulatioun, well dat sinn jo desto méi een huet, dat sinn déi wou wierklech spekuléieren an déi mussen dann och méi staark penaliséiert ginn.“Wunnengen, déi eidel stinn a jorelaang gewollt eidel bleiwen,wiere just ee vu ville Problemer am Logement, fir déi déi Lénk Solutiounen fuerderen. Grad elo, wou d‘Präisser erofginn, misst een de Logement abordable weider ausbauen, sou de Gary Diderich.

"Et kéint de Staat, d‘ASBLen, d‘Gemengen, kéinte méi bëlleg déi Wunnengen elo kafen an och Leit, déi wierklech elo een Iwwergangsprêt hunn an do an d‘Schwieregkeeten kommen, och do asprangen, an dat wier just Win-Win fir jiddereen a mir kéinte relativ schnell Wunnraum kréien an net nach neien Lehrstand produzéieren.“

Fir méi abordabele Wunnraum ze schafen, hunn déi Lénk ee Wunnengsbaupak proposéiert, deen ënnert Anerem den ASBLen a Gemengen méi Personal zur Verfügung géif stellen, fir direkt Bauprojeten opzekafen an och selwer ze entwéckelen, sou de Gary Diderich.