Ronn 10% vun den Infizéierte sinn domat geplot, esou d'Schätzung

Och wann eng nei Covid-Variant ënnerwee ass, si mer an der Zäit no der grousser Covid-Well an et bleiwen och op deem Plang nach ëmmer Nowéien.
Et geet ëm de sougenannte Long-Covid, an do gëtt et Spillraum wéinst Ongewëssheet.
Vill Leit spiere Wochen oder och Méint dono nach ëmmer oder nees d'Suitte vun enger oder méi Corona-Infektiounen. Se kommen einfach net méi richteg an den Trëtt. Et gëtt bei Long-Covid u sech net "een" typesche Verlaf. Et handelt sech ëm relativ vill ënnerschiddlech Symptomer:
Et ass een extrem midd, et huet ee Problemer beim Schlof, aner Symptomer sinn een zéien Houscht, Glidder wéi hunn oder esou guer Problemer beim Schwätzen, fir Wierder ze fannen oder soss Vergiesslechkeet, Verloscht vum Gerochssënn oder näischt, respektiv net méi vill schmaachen. Hei an do sinn et och psychesch Problemer wéi Depressiounen an Angschtgefiller.... an déi Lëscht geet virun.
Et ginn also vill Symptomer, mä u sech keng, déi eng eendeiteg Diagnos erlaben.
Déi Gebrieche komme meeschtens, wann ee sech no enger Infektioun scho geheelt gefillt huet, Gebriechen, déi keen anere Grond wéi retardéiert Covid-Sequelle kënnen hunn.
Genee Statistike ginn et net, well vill Leit net mat de Symptomer bei den Dokter oder an nei Analyse ginn.
Et gëtt geschat, dass ëm 10% vun de Covid-Patiente betraff sinn, an nees all 10. vun deene Persoune relativ zolidd.
Den däitsche Krankekeesen no si besonnesch Persoune betraff, déi schonn am Virfeld a medezinescher Behandlung ware wéinst zum Beispill Problemer mat den Otemweeër, héijem Bluttdrock, Iwwergewiicht oder nach psychesche Problemer.
Elo ass et natierlech och d'Fro, ob ee sech viru Long-Covid schütze kann.
Och do gëtt et keng konkret Äntwert, ausser, dass eng Impfung am Virfeld de Risiko méi kleng hält, an dass Leit, déi et schwéier bei Corona erwëscht hat, ee méi héije Risiko fir Long-Covid hunn.
Well de Problem laang ënnerschat gouf, si mer haut séier u Limitten ukomm, och bei den Therapieméiglechkeeten, ausser déi Behandlungen, déi et beim Basis-Covid gëtt.
Déi beschte Protektioun géint Long-Covid ass sech am Virfeld guer net mam Virus ze infizéieren, an do si mer dann nees bei de bekannten Hygiènesreegelen, an der Fro op ee sech impfe léisst.