E Garer WhatsApp-Grupp annoncéiert eng Maniff fir Enn September
Et ass am Quartier nach méi schlëmm ginn, soen d'Garer Awunner a Geschäftsleit.
Well hiert ganzt Gewarns an nenne mer et Gepriedegs un d'Adress vun der Politik, bis elo näischt bruecht hätt, geet een elo an eng nächst Etapp.
Iwwer e WhatsApp-Grupp annoncéiere si fir den 23. September eng Maniff, se fuerdere méi Policepresenz an deels méi radikal Mesurë géint déi an hiren Aen desolat Garer Zoustänn.
"Ras-le-Bol" kéint een de Grupp op WhatsApp nennen; mee deen huet den Numm "Quartier Gare sécurité" an huet 204 Memberen, eng privat Initiativ vu Leit aus dem Quartier. Dass et ni e Bild vun der Gare ouni Sans-abrisen oder Droge wäert ginn, wier hinne kloer. Mee méi Police-Presenz kéint wierklech net schueden. Am Grupp weise sech awer och ganz verschidde Reaktiounen. Och därer méi sécher, déi op de Modell New York vum Giuliani verweisen, wou d'Stroossen op eemol ganz clean waren.
Ugegraff, nee, goufe si nach ni, mee et wier dat Sech-Stänneg-Onwuelspieren am Quartier, dat si mobiliséiert hätt. Wann een déi Ofhängeg kennt, versteet een hiert Verhalen, mee och d'Reaktioun vun där anerer Säit.
Vun 250 op 400 verdeelte Moolzechte bannent engem Joer eleng op der Gare. Der Stëmm vun der Strooss seet dat genuch, gefuerdert gëtt scho laang kombinéiert sozial Mesuren. D'Regierung géif jo maachen, mee net genuch a wann, dann ze lues.
D'Maniff vum WhatsApp-Grupp soll an engem Mount sinn, ma dann haut de Message: "Dajee, kommt in die Gänge".