Patienten hëllefe sech géigesäiteg
Ronn 1.200 Leit goufe bis ewell wéinst Long-Covid zu Lëtzebuerg behandelt.
Si kréien iwwert de Programm vun der Santé Therapien am CHL zu Stroossen, am Rehazenter um Kierchbierg, am Thermalbad zu Munneref oder an der Rehaklinik zu Ettelbréck ugeroden. Op deene 4 Sitte gi si vu medezineschem Personal begleet. Zënter Juli kënne betraffe Long-Covid-Patiente sech awer och fräi treffen an ënnerteneen austauschen. D’Rehaklinik zu Ettelbréck huet e Raum zur Verfügung gestallt, wou déi "Selbsthilfegruppe" all éischten Dënschden am Mount kann zesummekommen.
Et wier wichteg, dass chronesch krank Mënschen d’Méiglechkeet hätten, och emol iwwer hir Problemer ze kloen a sech mat anere Concernéierten auszetauschen, ouni jugéiert ze ginn, erkläert de Psychotherapeut Charles Benoy.
RTL huet zwee Long-Covid-Patiente kennegeléiert, déi vun deenen Treffen zu Ettelbréck profitéieren an erklären, wat et hinne bréngt. Allebéid hate sech zënter 2021 zweemol mam Coronavirus infizéiert. Bis haut si si mat Symptomer geplot, déi e groussen Afloss op hire fréieren Alldag a Liewen haten.