No déidlechem TëschefallNei Sécherheetscampagne mécht op d'Geforen am Mëllerdall opmierksam

RTL Lëtzebuerg
Viru gutt zwee Méint gouf et op der Däiwelsinsel bei Bäerdref en déidlecht Ongléck. E Kand war vun engem Fiels erof an d'Déift gefall.
© Ken Fitzke

De regionalen Tourismusbüro Mëllerdall, d’Naturverwaltung an d’Gemengen hunn eng Sécherheetscampagne ausgeschafft. Ënner anerem sollen an der ganzer Regioun Panneau‘en opgestallt ginn, fir op Geforen opmierksam ze maachen.

© Ken Fitzke

Eng Aart Pilotprojet, dee vun den ORTen net just zu Bäerdref, ma am ganze Land soll applizéiert ginn, fënnt de Buergermeeschter vu Bäerdref, den Joe Nilles. Eng Gefor, sech ze blesséieren, géif et nämlech net just am Mëllerdall ginn, mee nach op villen anere Wander- an Trëppelweeër.

Am Kader vun der Covid-Pandemie hätt een ewell d‘Campagne “Mäi Bësch, däi Bësch” lancéiert fir d’Leit ze sensibiliséieren, wéi ee sech am Bësch ze verhalen huet. De Christophe Origer, President vum ORT Mëllerdall:

“An do hu mir dat elo erweidert mat de Sécherheetshiweiser. Dat heescht déi véier Sécherheetshiweiser, dass ee seet, voilà oppassen dass een net rutscht, oppassen op d‘Äscht déi kënnen eroffalen, oppassen op d‘Steng, déi kënnen eroffalen an natierlech - wéi et sech hei realiséiert huet - de Risiko vum Eroffale vun de Fielsen.”

Souwuel d’Natur, wéi awer och den Duerchschnëtts-Tourist hätte sech mat de Jore verännert. Vill Leit wiere sech net méi ganz bewosst, wat fir enge Geforen een op esou Wanderweeër ausgesat wier. Déi richteg Kleedung, fest Schong an e gesonde Mënscheverstand dierfen net feelen, sou och de Fieschter vu Bäerdref, de Frank Adam.

“Et sinn hei am Mëllerdall haaptsächlech d’Fielskräten, d‘Point de vue‘en, wou ee muss oppassen. Virun allem wann ee mat Kanner ënnerwee ass, respektiv wa schlecht Wierder ass, wann et zum Beispill reent, dass een net ze no bei d‘Fielsnuese geet. Dann ass et zum aneren de Steeschlag, den en Thema spillt, awer elo och mat den dréchene Summere ganz sécher och Dréchebrëch vun Äscht, déi kënnen zu all Moment, wann zum Beispill e bësse Wand opkënnt, oder bei schlechtem Wieder, déi da kënne briechen.”

D‘Panneaue mat de Sécherheetsmesure géing een op de Parkplazen, bei den Entréeë vun de Wanderweeër, a generell op vill besichte Plazen opstellen.

Iwwerall Gelänneren opzeriichten, wou et geféierlech kéint sinn, wier net déi richteg Approche. Et wier nämlech net méiglech, alles ofzesécheren. Gläichzäiteg wéilt een d‘Natur och sou mann wéi méiglech veränneren, sou déi Responsabel vum Projet.

Back to Top
CIM LOGO