Infektioune vu Longen an OtemweeërImpfung géint den RS-Virus fir Neigebuerener a Puppelcher recommandéiert

Diana Hoffmann
Vum 1. Oktober u gëtt d'Impfcampagne géint den "Respiratory Syncital Virus" vum "Conseil superieur des maladies infectieuses" lancéiert.
Impfung géint den RS-Virus fir Neigebuerener a Puppelcher recommandéiert
Vum 1. Oktober u gëtt d’Impfcampagne géint den “Respiratory Syncital Virus” vum “Conseil superieur des maladies infectieuses” lancéiert.

RS-Virus Impfung recommandéiert / Reportage Diana Hoffmann

De “Conseil superieur des maladies infectieuses” recommandéiert Neigebuerener géint den RS-Virus impfen ze loossen. Puppelcher bis 6 Méint solle réckwierkend geimpft ginn.

De “Respiratory Syncital Virus” ka virun allem bei klenge Kanner schwéier Infektioune vun de Longen an Otemweeër ausléisen. Schätzungen no infizéiere sech 60 Prozent vun de Kanner wärend hirem éischte Liewensjoer, erkläert d’Dr. Silvana Masi, Member vum “Conseil superieur des malaes infectieuses” (CSMI).

Vun Oktober bis Mäerz ass d’Period, wou de Virus am meeschten zirkuléiert. Nom Mäerz géingen et da meeschtens keng Fäll méi ginn. Dofir kënnt d’Recommandatioun vum CSMI grad elo zu dësem Ament. D’Impfcampagne gëtt dann den 1. Oktober lancéiert.

Bei dem Produit mam Numm “Nirsevimap” handelt et sech ëm Antikierper, déi virproduzéiert sinn. Duerch eng Sprëtz ginn dës, wéi en Impfstoff, injiziéiert, erkläert d’Doktesch. Liicht Niewewierkunge wieren, wéi bei all Medikament, méiglech. Dobäi géing et sech ëm déi üblech handele wéi e bëssi Féiwer, oder et kéint sinn, dass d’Kanner eng zwee Deeg méi granzeg wieren. Géint esou Niewewierkunge kéim een awer mat engem einfache Paracetamol un.

Wéi et dëse Wanter bei de Kannerdokter an an der Maternité ausgesi wäert, kann een natierlech net aschätzen. Et géing vun der Virulenz vum Virus ofhänken. “Et kann e Joer sinn, wou ganz vill Fäll sinn, wéi d’lescht Joer, oder eent, wou et e bëssi manner sinn. Mer wëssen, dass méi wéi 70 Prozent vun de Passagen an den Urgencen an den Hospitalisatiounen hei am Land och duerch d’Bronchiolitte verursaacht sinn”, ënnersträicht d’Doktesch.

D’lescht Joer waren d’Urgencen deels wéinst Fäll vu Bronchiolitten, déi duerch den RS-Virus ausgeléist ginn, iwwerfëllt. Wuel eng Konsequenz dovunner, dass d’Kanner wärend der Pandemie vill manner mat Viren a Kontakt waren. Ma dat wier net eleng de Grond, sou d’Doktesch. Och scho virdrun hätten et esou Jore scho ginn.

Back to Top
CIM LOGO